arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Parquet stellt sech hannert Reporter-Journalistin

E wichtegen Ament fir D'Lëtzebuerger Press

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Parquet stellt sech hannert Reporter-Journalistin

Um Dënschdegmoien huet sech de Parquet fir d’éischte Kéier iwwerhaapt hannert d’Lëtzebuerger Press gestallt. Dat am Kader vun enger sougenannter SLAPP-Klo. Viru Geriicht stoung eng Journalistin vu Reporter.lu.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Stater Geriicht - grousse Sall 1.10 | © Eric Ewald
Stater Geriicht - grousse Sall 1.10 (Foto: Eric Ewald)

Géint d’Journalistin gouf Schuedenersatz an Héicht vun 100.000 Euro wéinst Diffamatioun a Calomnie gefrot.

Si hat am Juli zejoert en Artikel publizéiert iwwert de Gerant vun engem Immobiliëgrupp, deen zu enger Geldstrof verurteelt gi war wéinst Violatioun vum Gesetz iwwert d’Handelsgesellschaften.

Doran hat si geschriwwen, de Promoteur hätt op privat Investissementer gesat, fir seng Projeten ze finanzéieren, déi dacks net fäerdeg gestallt gi wären.

Wat ass eng SLAPP-Klo?

Esou gi Kloe genannt, mat deene kritesch Stëmme sollen intimidéiert oder ënnerdréckt ginn, wa si sech an Affairë vun ëffentlechem Intressi zu Wuert mellen. D’Zil vun esou Kloen ass et net, fir e Prozess ze gewannen, mee fir d’Participatioun un enger ëffentlecher Debatt ze verhënneren.

D’Press als Wuechthond

Am Géigesaz zu aneren esou Affairen huet d’Vertriederin vum Parquet dës Kéier Positioun bezu mat an engem Requisitoire, well - wéi si sot - fundamental Prinzippien am Spill wieren.

D’Journalistin hätt mat hirer Aarbecht kengem Mënsch geschuet, mee fir Transparenz gesuergt. Dofir sollt si fräigesprach ginn. Et wier en zolitte System néideg, fir datt d’Press hir Roll als Wuechthond weider spille kéint, a SLAPP-Kloe sollten d’Journalistinnen a Journalisten net lämen, esou d’Substitutin.

Freed op Säite vum Journalismus

De Me. Sünnen, Affekot vun der Journalistin, war no der Sëtzung frou iwwert d’Wierder vum Parquet.

“Dat sent natierlech e staarkt Signal un de Journalismus, an et sent och e Signal un déi Leit, déi eben esou Prozedure wéilten intendéieren, fir datt déi villäicht e bëssen ofgeschreckt ginn.”

Hien huet de Fräisproch vu senger Cliente gefrot a 5.000 Euro Schuedenersatz fir si.

Net méi nëmmen de symboleschen Euro

Fir de Me. Charel Müller, Affekot vum Gerant a vun der Societéit Reporter Media, froen déi, déi kloen, net méi nëmmen de symboleschen Euro.

“Mee si froe Montanten, déi e Journalist wierklech géife perséinlech a Problemer bréngen! An do ass et elo wierklech wichteg, datt de Parquet hei ganz kloer gesot huet: Esou net! Et geet net, fir einfach de Journaliste virzegeheien, datt si hir Aarbecht maachen!”

Och hien huet de Fräisproch vu senge Mandante verlaangt.

D’Journalistin selwer huet um Enn vun der Sëtzung op e staarkt Signal vum Geriicht gehofft, fir datt de Beruff net méi d’Zilscheif vun esou Attacke gëtt.

D’Urteel ass fir de 17. Juni.

play_arrow Lauschteren