search

/ Optakt vun Terrorismus-Prozess géint 23 Joer ale Schwed

Stater Geriicht

|
headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Optakt vun Terrorismus-Prozess géint 23 Joer ale Schwed

Dem Mann gëtt virgehäit géint d'Waffegesetz verstouss ze hunn an och fir terroristesch Aktivitéiten ass hien ugeklot.

headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Deen deemools 18 Joer ale Schweed war am Februar 2020 bei sengem Papp doheem zu Stroosse festgeholl ginn, wou d'Police op e presuméierte Bommenatelier gestouss ass. Fir den Optakt vum Prozess hu verschidden Experten ausgesot. Dat ënner anerem zu der Gefor, déi vum Ugekloten hirer Meenung no ausgaangen ass.

Ee franséischen Expert fir Sprengstoff huet viru Geriicht seng Analys presentéiert. A sengen 20 Joer Erfarung hätt hien nach ni esou en detailléierten an duerchduechte Fall gehat. Vill vun de Materialien hätte fir d'Hierstellung vu Sprengstoff kënne genotzt ginn, esou den Expert.

Op dem Procureur seng Fro, ob den Ugeklote geféierlech wier, äntweren de Psycholog an de Psychiater änlech: Zum Zäitpunkt vun der Evaluatioun schonn. Hien hätt nämlech e staarke Wëllen, fir déi Saachen, déi e mécht, duerchzezéien.

Calme, determinéiert a perfektionistesch

Et goung ëm d'Fro, ob de presuméierte Bommebauer scho fréi opfälleg war, rietsradikal Usiichten hat a wéi hie sech radikaliséiert huet.

Hie wier e calmen an determinéierte Mann. Eng Aschätzung, déi souwuel de Psychiater wéi och de Psycholog deelen. Den Ugekloten hätt perfektionistesch Tendenzen an hätt bei senger Festnam wéi bei de jeeweilegen Evaluatiounen eng gesammelt an disziplinéiert Aart a Weis.

E Groussdeel vu senger Schoulzäit huet de Schweed zu Lëtzebuerg verbruecht. Schonn am Alter vu 5 oder 6 Joer hätt hie senger Léierin den Doud gewënscht, hieft de Psychiater ervir. 

Op Septième koum et fir de Mann zum éischte psychiatresche Suivi: Hie gëtt an der Schoul gemobbt a gräift op Alkohol zeréck, fir domat eens ze ginn. An der Konsequenz gëtt hien hospitaliséiert. De Psychiater stellt fest, datt den Ugeklote Schwieregkeeten huet sech ze integréieren. Iwwerdeems gi bei enger Psychologin depressiv Tendenze festgestallt. Mat Frust wéisst de Jugendlechen och net ëmzegoen a géif zu physescher Aggressioun tendéieren.

Ufank vu Radikaliséierung mat 13 Joer

Patriotesch Tendenze fënnt een och a sengem Kandheetsdram erëm: Hie wëllt Militaire professionnel a Schwede ginn, fir dem Land eppes erëmzeginn. Mat 13 oder 14 Joer plënnert den Ugekloten da mat senger Mamm fir ee Joer a Schweden. Do sollt et dann och mat senger national-sozialistescher Radikaliséierung iwwer Bicher wéi "Mein Kampf" a rietsradikal Websitte lassgoen.

Spéider schléisst hie sech der Neonazi Terroriste-Grupp The Base un, vun där hien och Plakater doheem hänken hat. Hie rechtfertegt sech awer och beim Psychiater, deen d'Evaluatioun gemaach huet, a behaapt, datt hien ni engem eppes zu Leed hätt wëllen doen. Fir de Psycholog wier de Jugendlechen deemools op der Sich no senger Identitéit gewiescht an deemno ufälleg fir extremistesch Propaganda.

Weider sot de Psychiater aus, datt den Ugeklote géint Homosexualitéit an ze vill Migratioun wier.

Den Ugekloten huet och selwer viru Geriicht Stellung geholl: D'Quantitéiten u Chemikalien déi fonnt gi ware wieren eegenen Aussoen no "exageréiert" gewiescht. Hien hätt sech schonn als Kand fir Pyrotechnik interesséiert an hätt säin Interessi ni wëlle fir politesch Motiver uwennen.

play_arrow Lauschteren