D’Ugeklote kréie reprochéiert, engem deemools 41 Joer alen, staark alkoholiséierte syreschen Asyldemandeur zu Esch, ënner anerem d’Gebéck gebrach ze hunn. D’Affer hat gutt informéierte Sourcen no dobäi och bal en A verluer.
Déi Beschëllegt sollen de Mann deemno net nëmme geschloen, mee och probéiert hunn, d’Saach ze vertuschen.
Rapport a Biller stëmmen net iwwerdeenen
Am Juli 2019, 5 Méint no de Faiten, koum e Communiqué vun der Justiz eraus, datt et bei de 5 Polizisten - 3 Männer an zwou Fraen - Perquisitioune vun der Inspection générale de la Police IGP gouf. Dozou koum et, well d’Enquêteuren op Iwwerwaachungsbiller vum Escher Spidol eppes anescht gesinn hu wéi dat, wat d’Escher Polizisten an hir Rapporte geschriwwen haten.
Alle 5 verbréngen doropshin eng Nuecht zu Schraasseg. Den Haaptugeklote souz um Enn souguer bal zwee Méint an Untersuchungshaft. D’Poliziste waren deemools tëscht 23 a 35 Joer al.
Polizisten, déi laachen, a verbueden Händschen
De Film vum Dag ass deen heiten: Dat spéidert Affer ass de 15. Februar 2019 an engem Café an der Hiel staark alkoholiséiert, no ënner anerem Martini-Béieren a Whiskyen. Géint Hallefnuecht kënnt et zu enger Kläpperei. D’Patronne, déi dem Mann en Zëmmer iwwer dem Café verlount, rifft d’Police.
D’Poliziste fuere mam spéideren Affer an d’Escher Spidol. Do huet de Mann d’Hänn um Réck an Handschellen. Eng Doktesch am CHEM erkläert hien apte, fir an d’Ausniichterungszell ze kommen.
Leit, déi d’Kamerabiller gesinn hunn, soen, datt de Mann dunn “torse nu” an alkoholiséiert an d’Camionnette sollt bruecht ginn: Deen Ament hätt den Haaptugekloten Ulaf geholl an de Mann mat der rietser Fauscht an d’Gesiicht geschloen. D’Affer géif K.O. goen an doropshin, wann een et léif ausdrécke wëllt, an d’Gefier “gesat” ginn.
D’Poliziste géifen op de Biller laachen an een an d’Kamera wénken. Sourcen no hat den Haaptbeschëllegte beim Coup eng mat haardem Plastik verstäerkten Händsch un. Déi ass an der Lëtzebuerger Police verbueden.
Eng Plainte vum Affer
Dono fueren d’Poliziste mam Affer op d’Kommissariat. D’Fréischicht fënnt de Mann do a sengem Blutt a mécht eng Foto vun him: Dorop ass d’A an der staark geschwollener lénker Gesiichtshallschent quasi verschwonnen. Eng Zäit drop mécht de Mann Plainte, an d’Enquête hëlt hire Laf.
Am Suspendéierungsbréif un den Haaptbeschëllegten, am Juli 2019, vum deemolege Minister fir d’bannenzeg Sécherheet François Bausch, steet ënner anerem als Reprochen: “(...) malmené; graves blessures; altéré la vérité dans un écrit public”.
D’Affer ass an der Tëschenzäit verstuerwen, awer eise Sourcen no net un de Suitë vun där Policegewalt vun 2019.
Dëse Prozess ass op 3 Deeg ugesat.