Radioen

On air

9 bis 1  |  Lou Reed - Caroline Says I

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Optakt am Prozess Lunghi

Geriicht

Optakt am Prozess Lunghi

Beim drëtten Ulaf huet et geklappt: nodeems de Prozess an der Affär Lunghi-RTL am Februar an nach eemol am Abrëll aus ënnerschiddleche Grënn hat missen ofgesot ginn, war gëscht eng éischt vu geplangte véier Sëtzungen.

auto_stories

1 min

Am Mëttelpunkt dovu stoungen d’Aussoe vun Alain Rousseau, sengerzäit Chefredakter vun RTL Tëlee Lëtzebuerg, a senger Adjointe Caroline Mart. Béid Zeien hunn iwwerenee-stëmmend erkläert, firwat si géint d’Diffusioun vun där ëmstriddener Sequenz waren, op där een den deemolege MUDAM-Direkter Enrico Lunghi gesäit, wéi hien en Interview mat der Journalistin Sophie Schram agacéiert ofbrécht, andeems hien de Mikro op d’Säit dréckt.

D’Sophie Schram wier opbruecht gewiescht iwwer déi Decisioun. Dee Moment hätt een näischt vun enger Blessur um Aarm bei hir gesinn. Et wier och keng Ried dovu gaangen.

Eréischt eng Woch duerno, an enger Reunioun beim CEO Alain Berwick, hätt d’Sophie Schram den Aarm bandagéiert gehat.

De Mëtteg geet et virun.