Radioen

On air

9 bis 1  |  Future Islands - Glimpse

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gebléishal vun Esch Belval ënner de "7 most endangered" Kultursitten an Europa

Denkmalschutz

Gebléishal vun Esch Belval ënner de "7 most endangered" Kultursitten an Europa

D'Gebléishal vun Esch Belval ass op der Shortlëscht vun den europäesche Kultursitten, déi akut a Gefor sinn. Dat huet d'Tageblatt haut gemellt. 14 Sitten am Ganze sinn dorop. Bis Abrëll solle vun där Shortlëscht der 7 zeréckbehale ginn, déi an e Programm opgeholl ginn, dee "7 most endangered“ heescht.

auto_stories

1 min

© Tobias Mandt
(Foto: Tobias Mandt)

Dat Ganzt ass eng Initiativ vun der Organisatioun Europa Nostra an Zesummenaarbecht mam Institut vun der Europäescher Investitiounsbank. D'Gebléishal gouf vun der Lëtzebuerger ASBL CNCI, dem Centre national de la culture industrielle, fir déi Lescht proposéiert.