Radioen

On air

9 bis 1  |  Adult Leisure - Kiss Me Like You Miss Her

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Soll een Äsche vu Verstuerwene kënnen an d'Musel streeën?

Nom Doud

Soll een Äsche vu Verstuerwene kënnen an d'Musel streeën?

Nach ëmmer ass de Kierfecht déi Plaz, wou déi meescht Verstuerwen hir lescht Rou fannen. Mee net jidderee wënscht sech een traditionellt Begriefnes no sengem Doud. Et gi mëttlerweil reegelméisseg Ufroen, fir Äsche vu Verstuerwenen och kënnen ze verstreeën. An Zukunft kéint d'Musel och dozou gehéieren.

auto_stories

2 min

headphones

4 min

© Morgane Weidig play_arrow
(Foto: Morgane Weidig)

Op der däitscher Säit vun der Musel kéint et geschwë méiglech gemaach ginn, fir d'Äsche vu Verstuerwenen och an de Floss ze streeën. A Rheinland-Pfalz soll nämlech geschwënn een entspriechend Gesetz gestëmmt ginn.

"Mat der Zäit matgoen"

Kéint dat also iergendwann och op der Lëtzebuerger Säit vun der Musel méiglech ginn? De Schengener Buergermeeschter Michel Gloden erkläert am 100,7-Interview, datt d'Gemeng nach ni esou eng Ufro kritt hätt.

"Mir haten an der Vergaangenheet scho mol Ufroe fir bei de Leit doheem, bezéiungsweis op normale Plazen dobaussen, mee eng Ufroe fir an d'Musel, dat hate mer definitiv nach net."

De Schengener Buergermeeschter weist sech awer duerchaus oppen, fir et och op der Lëtzebuerger Säit méiglech ze maachen, fir d'Äsche vu Verstuerwenen an der Musel ze verstreeën. "Et muss een och hautdesdaags mat der Zäit goen", seet de Michel Gloden. An deem Kontext wier een als Gemeng Schengen och aktuell domadder beschäftegt, e Bëschkierfecht ze plangen. Doriwwer eraus verfüügt d'Gemeng elo schonn iwwer eng Streewiss, déi an Zukunft och ausgebaut wäert ginn.

"Ech mengen d'Zäit ass eeben esou, datt d'Leit verschidde Wënsch hunn, eeben hir Verstuerwe bäizesetzen. An effektiv gëtt et dat jo och am Ausland. An ech gesi perséinlech op jidde Fall, wann dee Wonsch besteet, wierklech net an, datt een deem net soll nokommen."

Entscheedung läit net bei de Gemengen

Et wier awer un der nationaler Politik, dës Entscheedung ze treffen, esou de Schengener Buergermeeschter. D'Gemenge kéinten do näischt eleng decidéieren.

"Ech ka mir bal net virstellen, soen ech ganz éierlech, datt do eenzel Gemengeréit oder Buergermeeschteren e Problem hätten, fir deem Wonsch nozekommen, fir Äschen an der Musel ze verstreeën."

Eng entspriechend Demande hätten d'Gemenge laanscht d'Musel awer bis elo nach net un d'Regierung gestallt, sou de Schengener Buergermeeschter. Op d'Lëtzebuerger Säit dierff een dofir och nach keng Äschen an d'Musel streeën. Am Moment kann een dat awer op anere Plazen an der Natur maachen. Virausgesat awer ëmmer, et huet een eng Autorisatioun vun der Gemeng.

Lauschterenplay_arrow