Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Prioritéite vum neie Procureur général d'Etat fir d'Justiz

Justiz

D'Prioritéite vum neie Procureur général d'Etat fir d'Justiz

De John Petry huet seng nei Funktioun e Samschdeg als Nofollger vun der Martine Solovieff iwwerholl. Beim Echange de vue huet den neie Procureur général d‘Etat den Deputéierten d’Problematik vum Recrutement bei der Justiz erkläert, mee och ënner anerem d’Problematik vun der feelender Plaz.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

 John Petry, Procureur général d‘Etat | © Chambre des Députés play_arrow
John Petry, Procureur général d‘Etat (Foto: Chambre des Députés)

Gëschter, Donneschdeg, war deen neie Procureur général d'État an der Chamber, op Demande vun der Justizkommissioun, fir iwwer déi aktuell Erausfuerderungen ze diskutéieren. Dobäi widderhëlt hien d'Aussoe vu senger Virgängerin.

"Dat ass einfach d’Problematik vum Recrutement bei eis, et ass d’Problematik vum Service de Police Judiciaire, der Bekämpfung vun der Wirtschaftskriminalitéit, do ass eng gewëss Penurie bei hinnen."

Weider zielt de John Petry och de Plazmanktem op, Problemer an der Informatik a bei der Strofprozessuerdnung. Déi misst vereinfacht ginn.

Eng nei Approche an der Kommunikatioun

De John Petry kënnegt un, datt de Parquet an Zukunft anescht a besser wéilt kommunizéieren. Dat wier eng grouss Suerg, an et géif een doru schaffen, erkläert hien als Reaktioun op rezent Kriticken um Kommunikatiounsstil.

"D’Kommunikatioun fannen ech soll e bësse méi proaktiv ginn. Et sollen an Zukunft och vläicht Pressekonferenze gehale ginn, et soll och vläicht e bësse méi intensiv op Demandë vun der Press agaange ginn."

Et géif ee probéieren ze moderniséieren, ze aktualiséieren a sech de Standarde vun den Nopeschlänner unzepassen.

Zur Problematik vun de Gebaier vun der Justiz huet deen neie Procureur général d'Etat preziséiert, datt beim Plange vun engem neie grousse Gebai keng Zäit sollt verluer goen.

"Et wier sécher besser elo schonn unzefänken, wann een och bedenkt, wéi laang d’Planungsphas ass fir esou grouss Projeten."

Klore Message: Keng Stroffräiheet zu Lëtzebuerg

Am Kontext vu Retarde bei der Justiz an Affären, déi net kënne behandelt ginn, verséchert de John Petry der Justizkommissioun, datt et keng Stroffräiheet sollt ginn. All Zort vu Kriminalitéit géif poursuivéiert ginn

"Dat gëllt och fir d’Drogekriminalitéit, dat gëllt och fir den Drogekonsum, an dat gëllt ganz besonnesch och an deene schwierege Quartieren, wou mir eis konzentréiere mat der Police."

Et wéilt een Deel vun der Léisung sinn, gëtt de John Petry ze verstoen.

Positiv Reaktiounen aus der Chamberkommissioun

De President vun der Justizkommissioun an CSV-Deputéierte Laurent Mosar weist sech an enger éischter Reaktioun zefridden doriwwer, datt de John Petry betount huet, datt et hei am Land keng Stroffräiheet soll ginn.

Och dem Dan Biancalana no wier déi Ausso vum John Petry "ganz positiv".

Een anere wichtegen Aspekt gesäit de Vize-President vun der Chamber-Justizkommissioun an LSAP-Deputéierte bei der ugekënnegter anerer Kommunikatiouns-Politik vum Parquet.

"Et muss een net soe bei all Faiten, mee bei verschidde Faiten, datt do och d'Justiz respektiv dann de Parquet méi eng proaktiv Approche hëlt, fir eng ganz Rei Elementer ze presentéieren. Natierlech op eng ganz neutral Aart a Weis. Natierlech gëllt et ëmmer Presomption d’innocence."

Am Austausch mam neie Procureur général d'Etat hätt een de Wëllen eraushéieren, datt an Zukunft méi proaktiv soll kommunizéiert ginn, esou nach den Dan Biancalana vun der LSAP. Een Avocat général beim Parquet général soll sech méi ëm d'Kommunikatioun këmmeren, nieft de Pressespriecher.

Lauschterenplay_arrow