Den Donald Trump hat direkt no senger Vereedegung annoncéiert, déi Administratioun wëllen zesummenzesträichen, well se senger Meenung no vu "radikale Verréckte" geleet gëtt, déi d'Sue vun de Steierzueler géife verschwenden.
Donald Trump wëllt den IStGH sanktionéieren
Den Donald Trump wëllt iwwerdeems den Internationale Strofgeriichtshaff IStGH vun Den Haag sanktionéieren an huet elo een deementspriechend Dekreet ënnerschreiwen. Hien mécht dem Geriicht de Virworf "illegal, net fundéiert Aktioune" géint d'USA a hiren Alliéierten Israel lancéiert ze hunn.
Dës Decisioun ass e Protest géint een internationale Mandat d'arrêt, deen de Geriichtshaff géint den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu an de fréiere Verdeedegungsminister Joav Galant decidéiert huet. Mat deem Dekreet gëtt een Areesverbuet an d'USA verhaange fir d'Spëtzte vum Geriichtshaff, genee wéi fir Employéen an hir Famillen.