Zanter Woche kënnt et op der Insel Santorini ëmmer erëm zu klenge bis mëttelschwéieren Äerdbiewen. Hënt war et bis zum ewell stäerkste Biewe mat enger Stäerkt vu 5,2 op der Richterskala komm. D'Äerdbiewe war och op deen aneren Insele vun der Kykladengrupp, op Kreta, an och 230 Kilometer méi wäit zu Athen ze spieren.
Zu Santorini géif nach alles stoen, esou de Schëffskapitän Kleovoulos Karagiannis. Awer trotzdeem hätte vill vu sengen Noperen hir Saache scho gepaakt a wieren ënnerwee a Richtung Festland, esou de Kleovoulos Karagiannis am 100,7-Interview.
"An menger Noperschaft ware mir zu ronn 100 Leit. Lo si mir just nach zu 30."
Net jidderee kann oder wëllt fort
Gutt zwee Drëttel vun den Awunner hätte Santorini deemno verlooss. D'Schoulen hätten zou, an och op de Chantieren op der Insel géif kee méi schaffen, esou de Kapitän. Mee net jidderee wéilt oder kéint fort.
"Al Leit kennen net fort. Si wunne schonn hiert ganzt Liewen hei. Si wäerten net fortgoen. Leit, déi d’Méiglechkeet haten, ze goen, si gaangen."
De Kleovoulos Karagiannis bleift fräiwëlleg op der Insel. Angscht, datt nach ee weidert Äerdbiewe kënnt, hätt hie schonn, mee hie bleift optimistesch.
"Ech hu schonn Angscht, datt et mech an der Nuecht am Schlof erwëscht. Mee ech gleewen net, datt eppes wierklech Schlëmmes geschéie wäert. D’Insel wäert dat iwwerstoen."
Santorini ass eng beléiften Touristendestinatioun. Ausserhalb vun der Saison stinn hei allgemeng scho vill Haiser eidel. Déi Bierger:innen, déi bleiwen an d'Police hu sech zesummegedoe fir hir Haiser a Saachen ze beschützen a géint Vandalismus virzegoen, melle griichesche Medien.