Radioen

On air

Notturno  |  Rachael Dadd - River Spirit

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Op falsch Plaz geschéckt ginn: Retard vum Rettungsdéngscht de 25. Januar

CGDIS

Op falsch Plaz geschéckt ginn: Retard vum Rettungsdéngscht de 25. Januar

De CGDIS confirméiert ee Feeler beim Asaz zu Huldang de 25. Januar. De Rettungsdéngscht ass no engem Uruff op déi falsch Platz gefuer, wat zu engem Retard gefouert huet.

auto_stories

1 min

Eng intern Analys hätt erginn, datt de Feeler op eng Verwiesslung vun zwee Shopping Zentere mam selwechten Numm zréckzeféiere war. D‘Ekippe wieren op Pommerlach am Plaz op Huldang geschéckt ginn. Eréischt 16 Minutten nom Uruff gouf de Feeler erkannt. 

Bei deem Accident ass eng Fra am Spidol un hire Blessure gestuerwen.