Radioen

On air

Trendscheif  |  Deep Sea Diver - Let Me Go (feat. Madison Cunningham)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Regierungsrot passt Règlement-grand-ducallen un europäesch Standarden un

Regierungsrot

Regierungsrot passt Règlement-grand-ducallen un europäesch Standarden un

De Regierungsrot huet de Freidegmoien eng Partie règlement grand-ducalen approuvéiert. Ënner anerem gouf d'Lëtzebuerger Participatioun un der ziviller Missioun vun der EU an Armenien bis Februar 2027 verlängert.

auto_stories

1 min

Dës Missioun soll zu der Stabilitéit an der Regioun bäidroen, heescht et am Schreiwes vum Regierungsrot.

Weider huet de Regierungsrot verschidde Reglementer geännert, déi d'Vermaartung, d’Produktioun an d’Zertifizéierung vu Planzen a Som concernéieren. Dës Reforme baséieren op enger neier EU-Direktiv, déi d’Lëschte vu schiedlechen Organismen aktualiséiert.

Mat dëse Moossname gëtt déi lëtzebuergesch Gesetzgebung un déi europäesch Standarden ugepasst.