Dat huet de Procureur d‘État vun Dikrech Ernest Nilles de Freidegmëtteg virun der Press matgedeelt. Et geet em Honnerte Kilo Kokain. Dat geneet Gewiicht konnt bis ewell nach net ermëttelt ginn, erkläert den Ernest Nilles.
"Wéi d'Maschinn bis saiséiert war, konnt festgestallt ginn, dass schonn zwou vun dräi Walzen ofmontéiert gi waren, mee manifestement haten d'Täter hir Schwieregkeeten, fir d'Maschinn auserneenzehuelen, an hunn se esou do stoe gelooss."
Zwou Persoune festgeholl
D‘Täter hätten och net misse fäerten, datt d‘Maschinn geklaut gëtt, well se ze schwéier ass dofir, erkläert den Ernest Nilles. Si hätten iwwerdeems d‘Plaz gutt erausgesicht, well se zimmlech verlooss läit. Nëmme mat der Hëllef vum CGDIS konnt d‘Maschinn mat engem Tieflader ofgeholl a sécher ënnergestallt ginn.
Zwou Persoune goufe festgeholl an et goufe Perquisitioune bei deene Leit doheem gemaach. Déi concernéiert Persoune ginn den Ament gehéiert. Am Asaz ware ronn 100 Polizisten. Eng Enquête leeft.