30 Prozent vun de Lëtzebuerger Medezinsstudenten déi am Ausland studéieren, kommen nom Ofschloss net zeréck op Lëtzebuerg. D’Anne Eyschen, Presidentin vun der ALEM, der Associatioun vu Lëtzebuerger Medezinsstudenten, erkläert datt dozou eng Etude gemaach gouf. Doran goufe verschidde Grënn genannt, souwuel privat, wéi och professionell.
D’Hallschent vun deenen déi fir dës Etude befrot goufen, hunn als Grond uginn, datt et zu Lëtzebuerg keng Unisklinik gëtt. D’ALEM plädéiert dofir, fir zu Lëtzebuerg e ganze Medezinstudium unzebidden; dofir wär eng Universitéitsklinik onbedengt noutwenneg. Dat an der Hoffnung manner Lëtzebuerger Dokteren un d’Ausland ze verléieren a méi auslännesch Dokteren op Lëtzebuerg unzezéien.
Net genuch Leit an der Formatioun zum Infirmier
Och d’Infirmiersausbildung kéint vun enger Unisklinik profitéieren, fënnt d’Anne-Marie Hanff, Presidentin vun der ANIL, der Lëtzebuerer Infirmiers-Associatioun. Doduerch wier eng méi qualitativ héichwäerteg Fuerschung a Formatioun méiglech.
Den Ament wiere bei wäitem net genuch Leit an der Formatioun zum Infirmier, fir dat gesaten Zil vun nationale Gesondheetsplang ze erreechen. Deem Plang no musse bis 2030 missten 3827 nei Infirmiere fonnt ginn, fir weiderhin eng gutt Gesondheetsversuergung kënnen ze garantéieren.