Radioen

On air

Notturno  |  Sault - Threats

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Op déi nei Regierungsmajoritéit waart nach vill Aarbecht

Commentaire

Op déi nei Regierungsmajoritéit waart nach vill Aarbecht

An zwee Deeg wielt Lëtzebuerg en neit Parlament. An domat och indirekt eng Regierungsmajoritéit fir déi nächst fënnef Joer. Déi Parteien, déi et bis an d‘Ronn vun de Koalitiounsgespréicher packe, wäerte frou sinn, wann de Walkampf eriwwer ass. D‘Aarbecht fänkt dann awer réischt richteg u, mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Deenen enge geet et de Sonndeg virun allem drëms, et an d‘Chamber ze packen, deenen anere fir op déi néideg Sëtz ze komme fir genuch Muechtoptiounen ze hunn. Fir si wäert sech vill ëm d‘Zuelen 30, 31 an 32 dréien, well d‘Zäiten eriwwer schéngen, an deenen eng Regierungsmajoritéit tëscht zwou Parteien nach op eng komfortabel Majoritéit kënnt (2009 hat d‘CSV-LSAP-Koalitioun nach 39 vu 60 Sëtz an der Chamber, 2013 an 2018 ware just nach dënn Regierungsmajoritéite méiglech).

Muechtoptioune garantéieren

Maache mer eis näischt vir: Am Walkampf goung et de potentielle Regierungsparteie virun allem drëms, hir Muechtoptiounen ze garantéieren. D‘Iddie mat deenen si an de Walkampf gaange sinn, sollte virun allem gefalen, déi schwiereg Theeme goufen zréckgestallt an d‘Fro, ob d‘Iddien och ëmzesetze sinn, war zweetrangeg. 

Esou sinn zum Beispill d‘Steiervirschléi vun de grousse Parteie seele chiffréiert, wéi Reporter.lu et des Woch richtegerweis festgestallt huet. Dat féiert dann och dozou, datt keng eenzel Partei et déi lescht Woche fäerdeg bruecht huet, en ausgeräifte Projet fir déi grouss Erausfuerderungen ze formuléieren.

Koalitiounsverhandlungen als Chance

Koalitiounsverhandlunge sinn an deem Sënn eng Chance an der Demokratie. Duerch déi kontrovers Sich no engem Kompromëss, kann de politesche Projet besser ginn.

D‘Parteien, déi an den nächsten Deeg decidéieren un engem Regierungsprogramm ze schaffen, musse wëssen, datt do nach vill Aarbecht op si waart. Net, datt et wéi 2013 geet, wou ee sech séier iwwer e puer grouss Punkten eens ginn ass, déi ee wéilt ugoen, fir an der Euphorie ze vergiessen, datt een och d‘Detailer sollt beschwätzen. 

Well d‘politesch Geschäft ass nun emol esou, datt déi brenzeleg Sujeten am Beschten an de Koalitiounsverhandlungen op den Dësch kommen. Geschitt dat net, kënnt et an de fënnef Jore vun der Legislatur nëmme seelen zu engem Accord, well ee vun de Koalitiounspartner drop verweist, dat wier am Regierungsaccord net ofgemaach gewiescht.

Et musse méi Weiche gesat ginn

A brenzeleg Sujete ginn et der e puer: Am Joer 2023 geet et an der Lëtzebuerger Gesellschaft ëm Acquisen. Joerzéngtelaang war et hei am Land fir eng grouss Majoritéit kee Probleem, Proprietär vu sengem Eegenheem ze sinn. Et war méiglech, fir all méiglech Destinatioun am Land a kuerzer Zäit mam Auto unzefueren. Et war méiglech, wéineg Steieren ze bezuelen an awer vu ville staatleche Leeschtungen ze profitéieren. 

Déi nächst Jore musse méi Weiche gesat ginn. De Kampf géint de Klimawandel, géint d‘Wunnengsnout an déi héich Präisser an och d‘Zouhuele vun Ongerechtegkeeten ass op engem Punkt ukomm, wou et fir Politiker net méi duergoe wäert, déi berüümte Lëtzebuerger Strenz erauszehuelen. 

Lauschterenplay_arrow