Virop wëll ech kloer stellen, datt et mir hei net drëms geet, der Kënschtlerin e Reproche ze maachen oder si an hirer Fräiheet sech auszedrécken anzeschränken - am Géigendeel.
Ech well awer vun der Geleeënheet profitéiere, fir e puer Froen opzewerfen. Wien ass dësen "Mir, Wir, Nous, Us" deen déi Skulptur duerstelle soll? Well d'Skulptur just reliéis Symboler enthält, schéngt dëse "Mir" just reliéis Mënschen als Deel vum “Mir” unzegesinn. Dat Wierk spigelt also eng déif verwuerzelt gesellschaftlech Virstellung erëm: Wann et ëm Diversitéit geet, gëtt "Identitéit " quasi automatesch mat "Relioun" gläichgesat.
Fräiheet a Pluralismus liewen
Dobäi entsprécht dat net der Realitéit: D'Hallschent vun de Mënschen zu Lëtzebuerg soen si wieren “net reliéis”. Dat sinn Humanisten, Atheisten, Agnostiker oder einfach Leit, déi ouni reliéis Iwwerzeegung liewen, respektiv Mënschen deene Relioun egal ass. Mee an der ëffentlecher Perceptioun existéiere mir scheinbar net.
Jo, et ass wuel wouer, datt mir keng gëeente Gemeinschaft sinn déi “mat enger Stëmm schwätzt”. Dat ass och gutt sou! Mir wëlle keng Dogmen, mee Fräiheet a Pluralismus liewen.
Onsiichtbarkeet entsteet duerch net genuch Abréngen
Jo, et gëtt och wuel keen einfacht Symbol wat all déi net-reliéis Leit géif duerstellen. Vläicht och well mir guer keen Totem opgeriicht wëlle kréien hanner deem mir eis anuerdne kéinten.
Mee eis Onsiichtbarkeet an der Gesellschaft geschitt och doduerch, datt mir eis net genuch abréngen, datt mir dacks am Hannergrond bleiwen. Mir fillen eis dacks wuel an eiser individueller Positioun.
Mir vergiessen dobäi oft, datt eis - trotz alle Meenungsverschiddenheeten - villes verbënnt an et derwäert ass, fir méi oft, och gemeinsam, eis Stëmm an der Gesellschaft z’erhiewen.
Sech verstäerkt am Discours weisen
Mir vergiessen och, datt eis Stëmme wichteg sinn, fir eng pluralistesch Gesellschaft. Et ass schliisslech eng Errongenschaft vun eise Virgänger, datt mer haut an enger sekulärer Gesellschaft liewen, wou Meenungsfräiheet, Demokratie, Opklärung, Rechtsstaatlechkeet a Mënschlechkeet grouss geschriwwe ginn.
Mir mussen eis dofir verstäerkt am gesellschaftlechen Discours weisen, eis Geheier verschafen a méi kloer Positioun bezéien. Grad an dësen Zäiten si mir gefuerdert eis zu Wuert ze mellen, anstatt anere Kräften den Discours ze iwwerloossen. Do si mir all gefuerdert.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.