Radioen

On air

9 bis 1  |  Synthesis - Lifeline

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ “Nie wieder” huet et 1945 geheescht

Fräie Mikro

“Nie wieder” huet et 1945 geheescht

Enn Januar waren e puer historesch Datumer: Den 20. Januar gouf den Donald Trump vereedegt, de 27. gouf un d'Liberatioun vum KZ Auschwitz erënnert, an den 30. war den 92. Joresdag vun der sougenannter “Machtergreifung” duerch den Hitler. Den Historiker Michel Pauly gesäit a sengem Fräie Mikro eng ganz Rei Parallellen tëschent deenen Evenementer.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Wou ech nach am Secondaire Geschicht enseignéiert hunn, sinn ech reegelméisseg mat Schüler d'KZ Natzweiler-Struthof am Elsass besichtege gaang, wou och mäi Papp agespaart war. An da koum ëmmer nees d'Fro vun de Schüler: Wéi war dat méiglech?

Wann ee gesäit, wéi den Trump un d'Muecht koum, da muss ee feststellen, datt dat haut net vill anescht ass, wéi deemools:

  • Finanzéiert goufen d'Walcampagnë vun de Nazie wéi vun de Republikaner an den USA vum Grousskapital
  • Vum Hitler de Versailler Friddensvertrag als "Diktatfrieden" vernannt, den Trump fënnt Europa, Mexiko, Kanada géifen d'USA "demütegen"
  • Wéi dem Hitler säi Putsch vun 1923 ass dem Trump säi vum 6. Januar 2021 gescheitert, mee hir respektiv Unhänger hu si mat staarke Minoritéiten nawell gewielt
  • Wat fir d'Nazien de "Volksempfänger", also de bëllege Radio war, si fir den Trump déi sozial Reseaue vun Elon Musk a Kolleegen
  • Den Trump verlaangt vu Beamten an Arméi absolut Loyalitéit zu him, esou wéi den Hitler si op seng Persoun ageschwuer huet, statt op d'Verfassung
  • An deenen zwee Fäll gouf d'Gewaltentrennung ofgeschaaft doduerch, datt all Staatsorganer just mat Parteileit besat goufen
  • Den Hitler huet a "Mein Kampf" d'Eruewerung vu "Lebensraum" fir dat däitscht Vollek ugekënnegt, an den Trump versprécht Grönland, Kanada an de Panama-Kanal ze annexéieren, wann et muss si mat Gewalt
  • Den Hitler huet Millioune Judden deportéiere gelooss, den Trump huet ugefaang, Honnertdausenden illegal Awanderer ze deportéieren.

Wien hëlt den Trump seriö?

Wuel plangt den Trump keng Massevernichtung,' wéi d'Nazien, mee den Austrëtt aus der Weltgesondheetsorganisatioun an aus dem Paräisser Klimapakt kéint den Ënnergang vun der ganzer Mënschheet acceleréieren.

Op e wichtegen Ënnerscheed tëschent Hitler an Trump wäert ech an der Mäerz-Nummer vum forum agoen.
Statt sech géint den Opbau vun enger Diktatur ze wieren, gouf an den 30er Joren op "appeasement" gesat. Keen huet deemools "Mein Kampf" seriö geholl. Haut hëlt keen dee Verurteelten am Wäissen Haus seriö.

Déi eng soen, hie wier dement oder geckeg. Déi aner, hie wier en Narzisst. De Lëtzebuerger Premier fënnt d'Amëschung vum Elon Musk an déi brittesch an däitsch Politik "speziell". Den Ausseminister setzt op dem Trump seng "Vernunft".

Stäerkung vun der Demokratie

Statt eeneg géint déi rietsradikal virzegoen, streide sech déi aner Parteien, wéi an der Weimarer Republik, haut a Frankräich, Éisträich, der Slowakei etc., a maachen de Wee op fir d'Regierungsbedeelegung vu Rassemblement national, FPÖ a villen aneren.

Ëmmerhin hunn zu Lëtzebuerg véier Jugendparteien sech zesummegedoen, fir d'Desinformatioun op de soziale Medien ze verurteelen, an eng Stäerkung vun der Demokratie ze fuerderen. Dat kann nëmme geléngen, wa si zesummen Aarmut a Wunnengsnout bekämpfen. A wann hir Mammeparteie klipp a kloer soen, datt si mat engem kriminelle President an den USA oder mat rietsextreeme Regierungen an Europa net wëllen zesummeschaffen.

Lauschterenplay_arrow