arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op de Spuere vun den Dinosaurier

An der Äifel

|
reading time

5 min

headphones

4 min

play_arrow

Op de Spuere vun den Dinosaurier

Viru Kuerzem goufen am Dinosaurierpark Teufelsschlucht, net wäit vun Iechternach, Iwwerreschter vum bis ewell eelste Flugsaurier aus Däitschland fonnt. Déi dräi Zänn, deenen hiren Alter op ronn 210 Millioune Joer geschat gëtt, goufe beim sougenannte Citizen-Science-Projet entdeckt.

reading time

5 min

headphones

4 min

play_arrow
D'Dr. Lea Numberger-Thuy, schafft als Paleontologin am Dinosaurierpark Teufelsschlucht. | © D'Dr. Lea Numberger-Thuy, schafft als Paleontologin am Dinosaurierpark Teufelsschlucht.
D'Dr. Lea Numberger-Thuy, schafft als Paleontologin am Dinosaurierpark Teufelsschlucht. (Foto: D'Dr. Lea Numberger-Thuy, schafft als Paleontologin am Dinosaurierpark Teufelsschlucht.)

Entgéint deem, wat ee beim Wuert Flugsaurier vläicht kéint denken, sinn d'Zänn déi fonnt goufe just e puer Millimeter grouss. Op engem Ecran, deen un eng Lupp ugeschloss ass, kann ee sech déi Mikrofossilien dofir méi genee ukucken. D'Dr. Lea Numberger-Thuy erkläert, wat iwwerhaapt do entdeckt gouf.

"Eudimorphodon war etwas größer als eine durchschnittliche Möwe. Er hatte große, ledrige Flügel, die am extrem verlängerten Ringfinger aufgehangen waren und er hatte einen langen Schwanz mit einem kleinen Segel hinten dran und das waren Fischfresser. Das kann man anhand der Zähne und auch der Fundorte belegen."   

D'Decouverte vun dësem Flugsaurier verréit och vill iwwer de Liewensraum wéi e virun 210 Millioune Joer a Rheinland-Pfalz war, esou d'Dr. Lea Numberger-Thuy.

"Zu der Zeit, gab es an der Fundstelle Seen und Flüsse. Es war ein leicht mediterranes Klima, also es war ein bisschen wärmer als heute. Es gab dort viele Fische, die da gelebt haben und wahrscheinlich wurde der Eudimorphodon davon angezogen, weil er Fischfresser ist."

Eng Rekonstruktioun vum Eudimorphodon | © Joschua Knüppe
Eng Rekonstruktioun vum Eudimorphodon (Foto: Joschua Knüppe)

De Buedem, an deem d'Mikrofossilien, wéi zum Beispill d'Zänn vum Flugsaurier, dra sinn, kënnt awer net aus dem Dinopark selwer, mee aus engem sougenannte Bonebed an der Südäifel an der Géigend vu Bitburg. Wat ass dann iwwerhaapt e Bonebed?

"Bonebed bedeutet, dass Fossilien, Überbleibsel von Pflanzen und Tieren in einer bestimmten Ecke zusammengespült werden, meistens durch Wasser. Dort erhalten bleiben und dann auf relativ geringem Raum tatsächlich fossilreich sind."

Eng interaktiv Méiglechkeet fir Fossilien ze entdecken

De Buedem, deen op esou Plazen ausgehuewe gëtt, gëtt da fir d'éischt gebotzt, éier d'Visiteuren am Kader vum Citizen-Science-Projet mat Hëllef vun enger Lupp an engem Pinsel no Mikrofossilie sichen. Genee esou goufen och déi dräi Zänn vum Flugsaurier entdeckt.

De Projet ass Deel vum Dinopark senger Initiativ fir hire Visiteuren net nëmmen d'Dinoen, mee och déi paleontologesch Aarbecht méi nozebréngen, erkläert den Direkter Bruno Zwank.

"Wir merken, dass das auf einen extrem guten Zuspruch stößt. Die Leute sind total interessiert an diesen Geschichten und es ist halt einfach so, dass diese Authentizität etwas total wichtiges ist und was die Leute auch spüren."

D'Zänn vum Eudimorphodon
D'Zänn vum Eudimorphodon

Och de Lëtzebuerger natur musée bedeelegt sech

D'Fossilien, déi dann am Kader vum Citizen-Science-Projet fonnt ginn, gi gesammelt a wëssenschaftlech ausgewäert. Dobäi hëlleft och de Lëtzebuerger Naturmusée, esou de Ben Thuy, deen am natur musée als Paleontolog schafft.

"An ech mengen et ass logesch, datt dann déi zwou Institutiounen an enger Groussregioun, déi paleontologesch fuerschen, datt déi sech zesummendinn, d'Expertis zesummeleeën, d'Material zesummeleeën an och einfach d'Regioun zesummen erfuerschen."

A wie weess, vläicht kann ee sech och geschwënn iwwer eng änlech Decouverte wéi zu Bitburg och hei zu Lëtzebuerg freeën. An der Fiels gouf lescht Joer nämlech änlech aalt Material fonnt. Dëst muss awer fir d'éischt nach ausgewäert ginn.

play_arrow Lauschteren