arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Am Saarland gëllt vum 30. Oktober un eng Stallflicht

Vullegripp

|
headphones

1 min

Am Saarland gëllt vum 30. Oktober un eng Stallflicht

Nom Ausbroch vun der Vullegripp huet d’Saarland als éischt däitscht Bundesland eng Stallflicht fir Gefligel decidéiert. Déi gëllt vu muer Freideg un.

headphones

1 min

Doudeg Hoergänse ginn uechter Däitschland agesammelt | © picture alliance/dpa | Christophe Gateau
Doudeg Hoergänse ginn uechter Däitschland agesammelt (Foto: picture alliance/dpa | Christophe Gateau)

No engem éischte confirméierte Fall vum H5N1-Virus am Saarland huet d’Landesamt mat méi strikte Mesurë reagéiert.

Fir een Ausbreede vun der Vullegripp ze verhënneren, goufen all grouss Veranstaltunge mat Gefligel vum 30. Oktober u verbueden.

Bei Verstéiss géint d’Stallfflicht kënne Strofe vu bis zu 30.000 Euro fälleg ginn.