arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Buckelwal an der Ostsee soll elo awer fort transportéiert ginn

Däitschland

|
reading time

1 min

De Buckelwal an der Ostsee soll elo awer fort transportéiert ginn

Iwwerraschende Revirement am Fall vum Wal, dee bei Wismar an der Ostsee festhänkt. D‘Déier soll elo awer oftransportéiert ginn. Den Ëmweltminister vu Mecklenburg-Vorpommern huet gréng Luucht dofir ginn.

reading time

1 min

© picture alliance/dpa | Bernd Wüstneck
(Foto: picture alliance/dpa | Bernd Wüstneck)

Eng privat Initiative wëll mat enger spektakulärer Rettungsaktioun de Buckelwal an d‘Nordsee an eventuell souguer bis an den Atlantik transportéieren. Dofir soll e mat Loftkëssen opgehuewe ginn an dann op enger Baatsch transportéiert ginn. Ee vun den Initiateure vun der Aktioun ass iwwregens de Grënner vu MediaMarkt, Walter Bunz.

De kranken a geschwächte Wal läit zënter dem 31. Mäerz virun der Ostseeinsel Poel. Bis elo haten Experten erkläert, datt et dat Bescht wier, fir d‘Déier a Rou stierwen ze loossen.