Zu Betteng op der Mess ass de gréisste Site vun der APEMH – nach. Well direkt niewendrun zu Lampech entsteet aktuell nach méi ee groussen. Déi Atelieren do wäerten awer réischt dëst oder d’nächst Joer opgoen erkläert d’Nanda Zeh, Responsabel fir d’Atelieren zu Betteng.
465 betreit Mataarbechter:innen op véier Sitte verdeelt
Betteng a Lampech sinn zwou vun de véier Plazen, wou d’APEMH Atelieren huet: donieft sinn der nach zu Housen an am Beetebuerger Park. Fréier waren d’Atelieren um Escher Nossbierg a Betteng war eng Annex. Hautzudaags ass et ëmgedréint, an um Nossbierg ginn et och eng Ateliere méi, mee aner Lokalitéite vun der APEMH. An der Haaptsaach sinn dat Wunnstrukturen an eng Léierschoul.
Iwwer déi verschidde Sitte verdeelt beschäftegt d’APEMH insgesamt 465 betreit Mataarbechterinnen a Mataarbechter. Dobäi kënnt natierlech nach de Staff, deen d’Leit encadréiert. Elleng zu Betteng sinn dat eng 60 Stéck.
Vum Atelier bei ee Patron? Dat ass méiglech
Genau sou wéi een net méi vun engem mentalen Handicap schwätzt, mee vun enger intellektueller Beanträchtegung, sou handelt et sech bei den Atelieren och net méi ëm “ateliers protégés”, mee ëm “ateliers d’insertion professionnel”.
Heescht dat, datt am Idealfall d’Leit, déi hei schaffen, och um éischten Aarbechtsmaart kënnen ënnerkommen? Jo, dat wier d’Zil, esou d’Nanda Zeh. Et géing och periodesch geléngen. Et gi Leit, déi bei enger Gemeng ënnerkomm sinn, oder bei engem Patron. Do mécht d’APEMH dann awer de Suivi a wann et net géing klappen, kann een zeréck an d’Ateliere kommen.
Et schwätzt awer och näischt dogéint, seng ganz berufflech Karriär an den Atelieren ze verbréngen. Déi betreit Mataarbechter kréien een Aarbechtskontrakt a musse sech – wéi bei all anerem Job och – u Reegelen halen.
Eng grouss Offer
D'APEMH offréiert vill verschidden Atelieren. Zu Betteng an zu Housen gëtt et eng Schräinerei. Op Betteng a Lampech verdeelt sech ee Bauerebetrib. D’Déieren, déi um Bauerenhaff gehale ginn, ginn duerno och an der hauseegener Metzlerei verkaf. Doduerch steet een natierlech och a Konkurrenz zur fräier Wirtschaft. Mee d’Nanda Zeh betount, datt d’Produiten net zu Dumpingspräisser ugebuede ginn, mee se sech um normale Marché orientéieren.
Et gëtt och eng Gäertnerei an ee Cateringservice. Zu Lampech an Housen gëtt et och eng Wäscherei, wou virun allem am Summer Campinger an Hoteller zu de Clientë gehéieren. Och eng Déierepensioun gëtt offréiert.
De Kevin, de Roy an de Jean-Claude weisen eis hir Aarbecht
De Kevin schafft schonn zanter dräi Joer an der Schräinerei. Et gi Bänken an Dëscher gebaut, ënner anerem fir Gemengen. Wann d’Miwwel fäerdeg gebaut sinn, gi se och gesprëtzt an duerno ausgeliwwert, erzielt de Kevin. Hien huet sech och bewosst fir d’Schräinerei entscheet, well hien dat ausprobéiere wollt. Elo mécht et him Spaass, Miwwel ze bauen. Vu Méindes bis Freides schafft hien am Atelier, Samschdes a Sonndes kënnt dann de wuelverdéngte Weekend.
De Roy schafft um Bauerenhaff. Dat zanter bal engem Joer. Hien ass awer insgesamt scho bal 13 Joer bei der APEMH ugestallt. All Moies geet hien an den Héngerstall, fir d’Eeër opzerafen. Insgesamt ginn et véier Ställ, erkläert de Roy. Pro Joer kéim ee sou op iwwer 1 Milliounen Eeër. Mat enger extraer Maschinn ginn d’Eeër der gréisst no sortéiert.
Chef vun där Maschinn ass de Jean-Claude, deen erkläert, datt et véier Gréisste ginn: XL, L, M an S. Dono komme se a Kartongen an an de Frigo. Et wäerten dëst Joer déi leschte Kartronge sinn, déi de Jean-Claude mat Eeër fëllt. No 40 Joer geet hien am November an d’Pensioun. Wat hien an der Pensioun alles sou wäert maachen, dorunner denkt de Jean-Claude nach net. “Et dauert jo nach a bëssen.”, seet hie mat engem Laachen. Langweileg wäert et dem Gladbach-Supporter awer bestëmmt net ginn: hie geet zweemol an der Woch schwammen a spillt Dëschtennis.
Si genuch Plazen do?
Wann ee bis net méi schoulflichteg ass (16 Joer fir de Moment, deen Alter wäert awer op 18 Joer eropgehuewe ginn), da kann een an d’Ateliere schaffe kommen. Déi méi jonk kënnen awer och schonn no der Schoul bei d’APEMH kommen an u Léieratelieren deelhuelen. Dat ass de CCP. Do gëtt da gekuckt, wat hinnen am meeschte Spaass mécht, a wat hinnen am beschte läit. Dofir gesi se och ganz vill verschidden Atelieren.
Et kann een awer net jidderengem eng Plaz ubidden. Et gi Waardelëschte seet d’Nanda Zeh, well een zueleméisseg natierlech limitéiert ass. Och d’Ateliere kënnen net onendlech vill wuessen.