arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Onsécher Zukunft fir d'Entwécklungszesummenaarbecht

Konferenz zu Sevilla

|
headphones

3 min

headphones

8 min

play_arrow

Onsécher Zukunft fir d'Entwécklungszesummenaarbecht

Net manner wéi 1.015 Leit waren déi lescht Deeg an där südspuenescher Stad Sevilla mat engem mëttlerweil delikaten Theema beschäftegt, nämlech der Fro, wéi vill Suen an Zukunft nach an d'Entwécklungszesummenaarbecht solle fléissen, fir d'Aarmut am globale Süden ze bekämpfen.

headphones

3 min

headphones

8 min

play_arrow
© UN Photos / José Manuel Vidal
(Foto: UN Photos / José Manuel Vidal)

Bekannt war jo schonn, datt d'USA hir Entwécklungsagence USAID zougemaach hunn. D'USA sinn och guer net zu Sevilla vertruede gewiescht. Och aner Länner hu manner Sue virgesinn, fir den äermste Länner op der Welt ze hëllefen. Lëtzebuerg awer bleift bei sengen héijen Ausgabe vun engem Prozent vum nationale Räichtum. Sinn a bleiwe mir also ee Musterschüler?

Net iwwerall "e gudde Schüler"

Den David Hoffmann vun der ASTM huet, grad wéi dee ganze Forum politique vum Lëtzebuerger Cercle vun den ONGen, d'UNO-Konferenz aus der Distanz suivéiert, an hien huet eng gemëschte Vue iwwer de Lëtzebuerger Engagement a Saachen Entwécklungshëllef.

Lëtzebuerg wier op deem Plang "definitiv e gudde Schüler", mee et hätt een awer och Elementer wéi déi international Fiskalitéit, wou Lëtzebuerg eng grouss Roll dra spillt.

"Mir hunn op europäeschem Niveau, also déi europäesch Positioun vis-à-vis vun der Dette souveraine, also de Scholde vu Staaten, dat sinn natierlech Saachen, wou mir dann net d'Kohärenz gesinn, wou Lëtzebuerg da mat der EU net onbedéngt de gudde Schüler ëmmer ass."

Lëtzebuerg a seng Finanzarchitektur

An der Kritik stinn zum Beispill d'Reegele vun der Lëtzebuerger Finanzplaz, déi vu multinationale Firme genotzt ginn, fir steierlech Virdeeler ze kréien. A grad déi Revenue géifen de Länner am globale Süden da feelen. Dobäi kënnt, datt vill vun deene Länner héich Scholden hunn, déi hir Partner aus dem globalen Norden hinnen eigentlech kéinten op d'mannst zum Deel erloossen.

An och Lëtzebuerg misst do méi maachen, fënnt den David Hoffmann. 

"Lëtzebuerg huet och do eng Finanzarchitektur, wou mir Fongen hunn, wou mir ganz sécherlech privat Creancieren hunn, déi do an där Dette mat dra sinn, déi dovu profitéieren, datt et héich Zënssätz ginn, déi u sech einfach déi global finanziell Architektur, déi zu Lëtzebuerg awer och ganz present ass, ausnotzen au détriment vun de Länner am globale Süden."

Feelt et un Ambitioun?

D'Participante vun der Konferenz zu Sevilla hunn an hirem Pabeier elo dës Woch confirméiert, datt d'Finanzéierung vun der Entwécklungshëllef misst héich bleiwen, an datt och privat Kapital misst mobiliséiert ginn. Ganz glécklech ass ee beim Forum politique vum Cercle vun de Lëtzebuerger ONGen awer net, seet den David Hoffmann, deen d'ASTM an deem Forum vertrëtt. 

D'Absence vun den USA huet zum Gléck net zu engem Enn vum Multilateralismus geféiert, seet den David Hoffmann. Den Effort vun de Staate sech awer ze treffen an een Dokument ze adoptéieren, wier begréissenswäert.

"Wat mir awer natierlech beobacht hunn, dat ass eng Verwässerung, datt vill strukturell Reformen, déi misste geschéien, u sech net esou ambitiéis elo an deem Dokument sollen ëmgesat ginn, oder d'Staate sech net dofir engagéiert hunn, dat esou ambitiéis ze maachen, wéi mir mengen, datt et néideg ass."

Den nächste Budget ofwaarden

Wéi et an Zukunft fir d'Entwécklungszesummenaarbecht ausgesäit, ass och éischter onkloer. Vis-à-vis vun den Ausgaben, déi weltwäit fir d'Verteidegung virgesi sinn, sollt een awer net naiv sinn, mengt David Hoffmann.

"Ech mengen, zu Lëtzebuerg ass elo vill gesot ginn, datt déi Depensë fir d'Verteidegung net sollen aschneiden op Soziales, op aner Politicken. Dat wäerte mir da warscheinlech gesi bei engem nächste Budget oder bei engem nächste Pluriannuell. Dat selwecht zielt, mengen ech, fir d'Länner ronderëm."

Aner Länner hätte jo schonn hir Depensen, wat d'Entwécklungshëllef ugeet, reduzéiert. 

play_arrow Lauschteren