arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Belsch wäert Palästina unerkennen

op der UNO Generalversammlung

|
headphones

1 min

Belsch wäert Palästina unerkennen

Och d‘Belsch wäert e palästinensesche Staat bei der UNO Generalversammlung dëse Mount unerkennen. Dat huet de belschen Ausseminister Maxime Prévot op X annoncéiert. D‘Belsch géif Palästina unerkennen a ferm Sanktioune géint déi israeelesch Regierung huelen, esou de belschen Ausseminister.

headphones

1 min

De belschen Ausseminister Maxime Prévot | © EPA/MYKOLA TYS
De belschen Ausseminister Maxime Prévot (Foto: EPA/MYKOLA TYS)

Rezent haten ënnert anerem och Frankräich, Groussbritannien a Kanada annoncéiert, datt si ee palästinensesche Staat bei der UNO Generalversammlung, vum 9. bis den 23. September zu New York, wäerten unerkennen. 

D‘Lëtzebuerger Regierung huet bis elo ëmmer betount, si géif dozou tendéieren, ee palästinensesche Staat unzeerkennen. Dat awer ënnert gewëssene Konditiounen.