De Bob Steichen preziséiert, datt just de CHNP betraff wier, well d’Gebai iwwert e Waasserbehälter direkt un déi contaminéierter Quell vu Rolleng bei Miersch ugeschloss wier. D'Quell Dreibouren zu Rolleng hätt schonn ëmmer eng méi héich Konzentratioun vun deem Onkrautvernichtungsmëttel gehat. Déi national Norm läit bei 100 Nanogramm.
"Dat ass duerch iergendeen Produit, dee viru Jore benotzt ginn ass a warscheinlech sinn doduerch eeben an där Quell déi Réckstänn."
Et wier bekannt, datt d'Quell vu Rolleng reegelméisseg kontaminéiert wier. Et hätt ee schonn alles an d’Weeër geleet fir d’Lokalitéit Colmer Bréck un de Waasserreseau vu Colmar unzeschléissen. De Chantier soll nach dëst Joer u goen.
Just den CHNP betraff
D’Quell vu Rolleng leit eigentlech an der Gemeng Miersch, gehéiert awer zënter Joerzéngten der Gemeng Ettelbréck a gëtt och bal exklusiv vun hir genotzt. An der Gemeng Schieren wieren awer och nach véier Haushalter op der Colmer Bréck un dës Quell ugeschloss an deemno den Ament vun der Kontaminatioun betraff, sou d’Gemeng Schieren am 100,7-Interview.
D‘Gemeng Miersch bezitt keen Drénkwaasser aus dëser Quell an ass deemno och net vum Problem betraff.
D'Informatioun vum Lëtzebuerger Wort huet de Buergermeeschter vun der Gemeng Ettelbréck Bob Steichen op Nofro hi confirméiert.