Radioen

On air

Tockcity  |  Florence Adooni - Vocalize My Luv

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mathis Godefroid: "Et gëtt Zäit datt den Inneminister intervenéiert"

Sträit zu Hesper 

Mathis Godefroid: "Et gëtt Zäit datt den Inneminister intervenéiert"

Den Hesper LSAP-Conseiller Mathis Godefroid weist sech schockéiert iwwert en Email vum CSV-Buergermeeschter Marc Lies. An deem Mail, deen eis virläit, an deen, dem Tageblatt no, um Marc Lies seng Parteikolleegen zu Hesper adresséiert war, nennt den CSV-Buergermeeschter de Mathis Godefroid een „Alkolit“, wärend hien de gréngen Oppositiouns-Conseiller Stephen de Ron als „Kallef“ bezeechent. Déi zwee géifen de 14. Mäerz am Gemengerot "den Dix geriicht kréien" an do géif et rabbelen, sou nach de Marc Lies.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

Den Hesper LSAP-Conseiller Mathis Godefroid  play_arrow
Den Hesper LSAP-Conseiller Mathis Godefroid 

Esou Aussoe wieren absolut inacceptabel, seet de Mathis Godefroid am 100,7 Interview. Dat wiere Frechheeten an Diffamatiounen. Hie géif sech d‘Recht behalen, juristesch Schrëtter ze goen, an hie géif sech erwaarden, datt den Inneminister intervenéiert.

"Dat dote weist ganz kloer och en Non-Respect eis géigeniwwer, der ganzer Oppositioun, do sinn Insulten an Diffamatiounen dobäi."

Hannergrond ass de Sträit zu Hesper tëschent Oppositioun a Schäfferot an der Affär ëm e fréiere Gemengebeamten. Dee krut virgehäit, seng Schaffzäite manipuléiert ze hunn a gouf no enger disziplinarescher Prozedur an d‘Preretraite geschéckt. D‘Oppositioun gehäit dem Schäfferot am deem Kontext ënner anerem Intransparenz fir.

An der Gemengerotssëtzung vum 14. Mäerz soll am Gemengerot viraussiichtlech driwwer ofgestëmmt ginn, ob d’Gemeng sech viru Geriicht och als Partie civile an där Affär constituéiert.

Lauschterenplay_arrow