Zënter datt Russland d'Ukrain am Februar 2022 ugegraff huet, huet sech vill geännert, wat Relatiounen tëschent ukraineschen a Lëtzebuerger Entreprisen ubelaangt. Fir d'Evgenia Paliy géif de Fokus zwar nach ëmmer op der Technologie - méi genee op der Cybersécherheet - leien, mee d'Besoine vun der Ukrain hu sech verännert. Dowéinst géif ee versichen a ganz verschiddene Secteure Relatiounen opzebauen:
“It is about financial and infrastructure. People are interested in cooperation, especially in the sphere of cyber security, of dual use of defense. This is number one for Europe now, to work on the defense sphere, and there are needs of building the cooperation in the sphere of dual use and technology, and of course, the energy and infrastructure, it's very important.”
Déi verschidden europäesch Regierunge wieren eng konstant Ënnerstëtzung fir d'Ukrain, seet d'Evgenia Paliy. An awer wier et a Krichszäite schwéier och privat Entreprisen u Bord ze zéien. Dat géif sech besonnesch bei méi klengen Entreprisë weisen, fir déi bei groussen Investissementer méi um Spill steet.
“When we talk about business, small business, it's your own money. Of course, everyone doesn't want to risk today when they do not have the guarantees. But we will have the special panel now about war risk insurances and what the countries guarantee to the companies to make these investments, even during time to Ukraine.”
Weisen, wat d'Ukrain ze bidden huet
Engersäits wéilt een elo schonn Entreprisen ulackele fir zesummenzeschaffen, mee och d'Relatioune fir nom Krich virbereeden. Ukrainesch Firme wéi d'Entreprise Softbees, déi Software fir Banken zur Verfügung stellt, probéieren zum Beispill am Lëtzebuerger Bankesecteur Interessenten ze fannen. Fir d'Evgenia Paliy wier et also un der Zäit ze weisen, wat d'Ukrain wirtschaftlech ze bidden huet.
“And it's important to bring people together to show the opportunities, not only the problem, not only the challenges, but to show the opportunities and to give the floor to the Ukrainians who live there, who do business, to give the voice of business and to show how it is doing business in Ukraine now during the war."
Eng Rei ukrainesch a lëtzebuergesch Entreprisë ware gëschter um Ukraine Resilience Business Forum present, fir méi iwwer déi Méiglechkeete gewuer ze ginn. Dëst an der Hoffnung, fir zesumme kënne ze schaffen an déi ukrainesch Wirtschaft weider opzebauen.