Et gouf sech dobäi engersäits mam Bien-être an der Schoul an anerersäits mat der Grondschoulreform vun 2009 ausernee gesat.
Festgestallt gouf ënner anerem, datt de Stress deen d‘Schüler:innen empfanne mam Alter zouhëlt. E weidere Constat ass, datt et een Zesummenhang gëtt, tëschent dem Wuelbefanne vun de Kanner, dem Schoulerfolleg an dem Wuelbefanne vu Léierpersonal. Dem Léierpersonal mécht hei virun allem de Verwaltungsopwand Suergen.
Observatoire de la qualité scolaire gëtt Recommandatiounen
D'Grondschoulreform vun 2009 wier allgemeng acceptéiert ginn, esou de Meris Šehović vun déi gréng, dee Member vun der Educatiounskommissioun ass. Mee trotz der Reform wieren d'Ongerechtegkeeten am Schoulwiesen tendenziell éischter erop gaangen, sou de Meric Sehovic.
"Och de Retard scolaire huet sech net fundamental verbessert."
Den Observatoire de la qualité scolaire mécht och eng Rei vu Recommandatiounen. De sougenannten Allongement de cycle an der Grondschoul wier e verstoppten Doubléieren a misst iwwerschafft ginn. Den Indice social dee problematesch Schoulen identifizéiert, misst ugepasst ginn an de Plan de développement scolaire misst en Entwécklungstool ginn a konkret Zieler virginn.
Regierung huet sech nach net domat beschäftegt
Den Educatiounsminister Claude Meisch seet d'Regierung hätt sech nach ofschléissend mat deene Constaten oder de Recommandatioune beschäftegt.
De Meris Šehović vun Déi Greng sot nach, hie wier verwonnert doriwwer, datt den Edukatiounsminister net méi mat dësem Rapport iwwer d‘Schoulreform mécht. Et wier keng Volontéit vum Minister do gewiescht fir iwwer dat Dokument ze schwàtzen obwuel ganz vill giff dra stoen.