Perspektive statt Klischees: Ein Blick auf die Jugend vun Heute“ war eng Konferenz iwwerschriwwen, op déi de Mouvement Ecologique d‘lescht Woch invitéiert hat. An de Psycholog Ingo Leven huet do virop betount, datt aus der Shell-Jugendstudie 2024 géif eraus goen, datt et "déi" Jugend net géif ginn.
Eng Generatioun mat ville Krisen
Den Ingo Leven ass Co-Auteur vun dëser Etüd, déi als Referenz an der Jugendfuerschung gëllt, an all véier Joer bei Jonken tëscht 12 a 25 Joer an Däitschland gemaach gëtt. Wuel eng Partie vu Jonke géif sech duerch d‘Krisen iwwerfuerdert spieren an hätten éischter d‘Flemm wärend anerer, déi sougenannt "Greta Generatioun", weider mat vollem Engagement versichen, d‘Welt ze verbesseren. Eng Majoritéit vu Jonke géif versichen, awer nach optimistesch ze bleiwen.
"Wir haben es mit einer jungen Generation zu tun, die mit einer Vielzahl von gesellschaftlichen Krisen groß wird. Und damit muss man umgehen lernen. Und sie tut dies in breiter Mehrheit so, dass sie auch versuchen, positiv aus diesen Krisen herauszukommen. Zum Beispiel blicken mehr Jugendliche heute optimistisch in die gesellschaftliche Zukunft als nach vor fünf Jahren."
Dobäi hätte jonk Leit haut méi Ängschten, seet Dr. Caroline Residori, Jugendfuerscherin op der Uni Lëtzebuerg, a Co-Auteurin vun der Youth Suvery Luxembourg. Déi nei Editioun dovu gëtt zwar eréischt am Januar d‘nächst Joer publizéiert, mee éischt Erkenntnisser gëtt et schonn.
"Also vun de Beräicher, déi Angscht maachen, gesi mir effektiv och zu Lëtzebuerg insgesamt eng Hausse. Dat heescht, et ginn ëmmer méi Jonker, déi an ëmmer méi Beräicher soen: 'dat mécht mir Angscht'."
An do gëtt et, esouwuel an Däitschland wéi och hei, eng Verschibung.
D'Krise réckele méi no
Et ass net méi d‘Klimakris, déi ville Jonken am meeschten Angscht mécht, mee de Krich an der Ukrain, sou de Psycholog Ingo Leven. Klimawandel an Ëmweltzerstéierung wieren deemno weider eng grouss Suerg, mee net méi déi Gréisst.
"Deene jonken hir Welt, war jo eng Welt, an deene Krich als Theema quasi net stattfonnt huet, ausser ganz wäit ewech. Elo gesi mir awer mam Gazakonflikt, an dem Krich an der Ukrain, datt dat alles méi no réckelt an och an eise Gesellschaftsdiscours méi no réckelt. Also wann ech elo kucken: Den EU-Sommet zum Theema Oprüstung an Europa, dat erënnert un d'70er an 80er Joren. Eis erënnert dat dorunner. Fir si ass dat eng nei Erfarung."
Am Verglach tëscht de Studien zu Lëtzebuerg an an Däitschland gëtt et vill Ähnlechkeeten, zum Beispill, datt Jonker sech wuel nach aktiv engagéieren. En Ënnerscheed mat Däitschland wier awer, den Interessi un d‘Politik bei Jonken zu Lëtzebuerg.
"Wat mir gesinn dat ass, datt den Interessi u Politik liicht ofgeholl huet."
Fir eng Erklärung dofir muss een op déi komplett Publikatioun vun der neier Youth Survey Luxembourg waarden. D‘Jugendfuerscherin Caroline Residori mengt awer, dee méi geréngen Interessi u Politik vu Jonken hei am Land kéint doru leien, datt de politeschen Discours zu Lëtzebuerg nach net esou wäit wier, wéi an Däitschland.
"Wat de Konflikt méi grouss ass, wat d'Tensioun méi grouss ass. An deem Sënn denke mir, datt dat bei eis zu Lëtzebuerg manner de Fall nach ass. Mir hunn net grad esou eng poleemesch Diskussioun. D'Gesellschaft ass net esou polariséiert. Dat heescht, ech muss mech och manner positionéieren."
Déi däitsch Shell-Jugenbstudie 2024 huet iwwregens och Iwwerraschunge bruecht, seet nach de Co-Auteur Ingo Leven. Esou hätt ee Jugendlecher net nëmmen iwwert déi negativ Aspekter vun de Krise gefrot, mat deenen si konfrontéiert sinn, mee och iwwert méiglech positiv Aspekter. Sou wieren eng Rei Jonker an der Ëmfro der Meenung, datt zum Beispill d’Corona-Kris positiv bewältegt gi wier, nieft enger Rei negativen Erfarungen.
Jonk Leit hunn haut am meeschten Angscht viru Krich, mee déi meescht kucken nach positiv an d‘Zukunft.