Hannergrond ass een queer-feindlechem Kommentar, deen den ADR-Deputéierten Tom Weidig geliked hat.
Rosa Lëtzebuerg weist sech schockéiert doriwwer, datt e gewielte Volleksvertrieder esou e Message ënnerstëtzt. Zwar hätt den Här Weidig sech duerno an Interviewen entschëllegt, mee op sengen eegenen Online-Kanäl wier kee klore Réckzuch verëffentlecht ginn. Rosa Lëtzebuerg kritiséiert och d'ADR, déi bis ewell weder Stellung geholl nach Sanktioune géint hire Member beschloss huet.
An deem Kontext huet d'Chamber gëschter eestëmmeg eng Resolutioun ugeholl, déi ënner anerem Haassriede verurteelt.