Radioen

On air

Tockcity  |  Los Pirañas - El Nuevo Prometeo

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Olympe de Gouges an Eleanor Roosevelt

Fräie Mikro

Olympe de Gouges an Eleanor Roosevelt

Virun zwee Deeg hu mer de 75. Joresdag vun der Universeller Erklärung vun de Mënscherechter gefeiert. D‘Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun, geet op d’Roll vun zwou Fraen an, déi an dem Kontext vu Mënscherechter eng wichteg Roll gespillt hunn.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Ronn 150 Joer leien tëschent de Liewenszäite vun deenen zwou Fraen – an dach sinn se Liichtjore vun enaner ewech. Där enger hiren Asaz éiere mer nach haut, déi aner huet hire mam Liewe bezuelt a mir kennen si kaum nach.

Géint Sklaverei a Fraefeindlechkeet

1748 kënnt d’Olympe de Gouges zu Montauban op d’Welt. Als jonk Fra geet si op Paräis, wou si séier hiren Interêt an hiren Engagement fir politesch a sozial Froe weist. An hiren Theaterstécker, Pamphleten an Artikelen thematiséiert si d’Sklaverei, d‘Rechtlosegkeet vun de Fraen an aner sozial Ongerechtegkeeten. Si kämpft fir eng laizistesch Gesellschaft a mécht sech staark fir d’Rechter vun oneheleche Kanner, Chômeuren a Leit ouni feste Wunnsëtz. Si hëlt och aktiv Undeel un den d‘Entwécklunge vun der Franséischer Revolutioun an ass oft bei de politeschen Debatten dobäi.

D’Recht op d’Guillotine

1791, zwee Joer nodeem d’Déclaration des droits de l’homme et du citoyen zu Paräis proklaméiert gi war, verëffentlecht d’Olympe de Gouges Les droits de la femme et de la citoyenne, déi si der Kinnigin Marie-Antoinette widmet. Doranner verlaangt si déi selwecht Rechter fir Männer a Fraen, well - wéi si seet – wann d’Frae kënnen op d‘Guillotine klammen, misst se och dierfen op eng Riednertribün klammen. 

Ënnert der Terreur stellt si sech ëffentlech géint de Marat an de Robespierre a schwätzt sech géint Hiriichtung vum Kinnek aus. Den 3. November 1793 am Alter vu 45 Joer gëtt si gekäppt, no der Marie-Antoinette déi zweet Fra, déi ënnert der Terreur higeriicht gëtt.

D‘Eleanor Roosevelt, eng Aktivistin fir Fridden a Mënscherechter

Les femmes et les citoyennes mussen nach bis 1944 waarden, ier se déi selwecht Biergerrechter kréie wéi d’Männer. Wärend där Zäit schafft an den USA eng bedeitend Fra schonn un dem Konzept vun der Universeller Erklärung vun de Mënscherechter, déi den 10. Dezember 1948 proklaméiert gëtt. Op dem Hannergrond vum 2. Weltkrich an dem Ufank vum Kale Krich wierklech keng einfach Entreprise.

E weltwäiten, interkulturelle Redaktiounscomité

Redigéiert gouf dës Erklärung wärend bal dräi Joer vun engem Comité ënnert dem Virsëtz vum Eleanor Roosevelt, säit dem Abrëll 1945 d‘Wittfra vum US-President Franklin Delano Roosevelt. Dee Comité, an deem si déi eenzeg Fra war, huet mat Hëllef vu Fachleit aus Philosophie, Literatur, Geschicht, Politik, Sozialwëssenschaften an Ekonomie aus der ganzer Welt an aus alle Kulturkreesser deen Text konzipéiert, dee mer haut als Universell Erklärung vun de Mënscherechter kennen.

D’Eleanor Roosevelt huet deemools gesot, si géif hoffen, datt dës Erklärung eng Kéier eng weltwäit Magna Charta géif ginn. D’Madamm Roosevelt ka frou sinn, datt se déi Zäit, an där de 75. Anniversaire vun der Mënscherechtserklärung fält, net méi muss materliewen. 

Lauschterenplay_arrow