Radioen

On air

Owesconcert  |  Vies d'artistes: Rachmaninoff & Berlioz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luc Frieden: Et gëtt keng Intentioun Lëtzebuerger Zaldoten an d'Ukrain ze schécken

Reaktioun op dem Macron seng Ausso

Luc Frieden: Et gëtt keng Intentioun Lëtzebuerger Zaldoten an d'Ukrain ze schécken

Lëtzebuerg huet aktuell net d’Intentioun fir Zaldoten an d’Ukrain ze schécken. Kee kann awer haut soen, wat an e puer Méint ass. Dat huet de Premier Luc Frieden de Mëtteg an der Froestonn vun der Chamber betount.

auto_stories

2 min

Foto: SIP

Op der Hëllefskonferenz fir d‘Ukrain zu Paräis gëschter hat de franséische President Emmanuel Macron gesot, datt een am Ukrainkrich näischt kéint ausschléissen, och net, datt de Weste Buedemtruppe géif dohi schécken.

De Luc Frieden huet de Mëtteg betount, datt esou eng Decisioun souwisou nëmme mat engem internationalen Ofkommes entweder vun der UNO oder enger anerer internationaler Organisatioun kéint getraff ginn. De Luc Frieden zesumme mat der Verdeedegungsministerin géifen an déi zoustänneg Chamberkommissioun hanner zouen Dieren iwwer méi Detailer diskutéieren.

Zu Paräis gouf gëschter festgehalen, datt méi Loftofwiersystemer un d’Ukrain misste geliwwert ginn. Och Laangstreckerakéite misste vu verschidde Länner méi séier ewéi bis elo der Ukrain iwwerreecht ginn. De Grand-Duché envisagéiert iwwerdeems sech enger Plattform unzeschléissen, déi vun der Tschechescher Republik lancéiert gouf, an déi Munitioun fir d’Ukrain opkeeft. 

Och Däitschland kloer géint den Asaz vu westleche Buedemtruppen

De Bundeskanzler Olaf Scholz schwätzt sech kloer géint d‘Iwwerleeunge vum franséische President Emmanuel Macron aus fir westlech Truppen an d‘Ukrain ze schécken.

Och fir d‘Zukunft géing gëllen, "datt et keng Buedemtruppen, a keng Zaldoten op ukraineschem Buedem gëtt, déi vun europäesche Staaten oder NATO-Staaten dohi geschéckt ginn", esou dem Scholz seng Reaktioun haut.

Den Emmanuel Macron hat gëschter Owend nom Ofschloss vun der Hëllefskonferenz fir d‘Ukrain zu Paräis gesot, datt een am Ukrainkrich näischt kéint ausschléissen, och net, datt de Weste Buedemtruppe géif dohi schécken.