Radioen

On air

De Moien  |  The Stone Roses - Fool's Gold

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grand-Duc preparéiert den Trounwiessel

Annonce vum Haff

Grand-Duc preparéiert den Trounwiessel

Et war déi grouss Iwwerraschung op Nationalfeierdag. D’Annonce, déi de Grand-Duc Henri um Enn vu senger Ried an der offizieller Zeremonie fir Nationalfeierdag an der Philharmonie gemaach huet. Am Oktober dëst Joer wäert hie säi Fils den Ierfgroussherzog zum Lieutenant-Représentant ernennen.  

auto_stories

1 min

Foto: SIP / Emmanuel Claude

Dëst ass eng éischt Etapp a Richtung Trounwiessel an ee fléissenden Iwwergang vun engem Staatschef op deen aneren.

An der Vergaangenheet gouf et scho 5 Lieutenancen, mam Ierfgroussherzog Guillaume wier et déi 6. Kéier.

D’Lieutenance bedeit, dass den Ierfgroussherzog Guillaume lues a lues u seng zukënfteg Roll als Staatschef erugeféiert gëtt. Hien kann  ëmmer méi Aufgaben am Numm vu sengem Papp iwwerhuelen.

De Grand-Duc kann dem Lieutenant Représentant eng Partie Pouvoiren delegéieren. Do virdru muss den Ierfgroussherzog virun der Chamber een Eed ofleeën.

De Grand-Duc Henri war och op seng Responsabilitéiten als Groussherzog virbereet ginn. De 4. Mäerz 1998 hat säi Papp, de Grand-Duc Jean, den deemolege Prënz Henri zu sengem Lieutenant-Représentant gemaach. Zwee an en halleft Joer drop, am Oktober 2000, ass hien du Staatschef ginn.