Radioen

On air

Thé Dansant  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ofwiesend wierkende Biden kann Trump-Ligen net konteren

Éischten TV-Duell tëschent Biden an Trump

Ofwiesend wierkende Biden kann Trump-Ligen net konteren

Hënt war déi éischt Fernseedebatt tëschent dem amtéierenden US-President Joe Biden an dem fréiere President Donald Trump. An éischte Reaktioune soe vill politesch Commentateure sech entsat iwwer dem Biden säin Optrëtt.

auto_stories

1 min

headphones

3 min

Donald Trump Joe Biden | © CNN play_arrow
Foto: CNN

Deen 81 Joer alen Demokrat huet onkloer Aussoe mat dënner Stëmm gemaach, huet ofwiesend an duerchernee gewierkt. Et misst een elo doriwwer diskutéieren, op hie weidermaache soll, sot den David Axelrod, deen de Chefstrateeg vum Barack Obama senger Presidentecampagne war.

Keen Handshake tëschent béide Politiker

Den Donald Trump huet sech an dëser Debatt gewinnt aggressiv gewisen a sech selwer gelueft. Wéinst dem Biden senger schwaacher Form konnt hien och eng Partie Lige formuléieren, deenen net widdersprach gouf. 

Béid hunn iwweregens gewisen, datt si sech net leide kënnen. Si hunn net matenee geschwat an hu sech bei hirer Arrivée an de Studio vun CNN och d‘Hand net ginn. 

Lauschterenplay_arrow