/ D'New York Times fuerdert den Joe Biden op, sech aus dem Walkampf zeréckzezéien
Nom Optrëtt an der TV-Debatt
D'New York Times fuerdert den Joe Biden op, sech aus dem Walkampf zeréckzezéien
An den USA fuerdert déi prestigiéis New York Times an engem Editorial den Joe Biden op, de Kampf ëm d’Wäisst Haus opzeginn. Dat wier de gréisste Service, deen hien den Amerikaner elo kéint maachen. Hie wier nach just e Schied vu sech selwer, esou d’Zeitung, nom Biden sengem schockanten Optrëtt am Debat mam Donald Trump.
De Biden selwer gesäit dat net an. Natierlech géif et him net méi esou einfach falen, fléissend ze schwätzen, wéi an der Zäit, sot hie bei engem Walkampfoptrëtt hënt. An awer wier hien iwwerzeegt, datt hien déi Aarbecht weider hi kéint maachen.