Radioen

On air

Kultur um 5  |  Neit Buch iwwert de Kit Armstrong

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Awer keng Amnestie fir de Carles Puigdemont

Spuenien

Awer keng Amnestie fir de Carles Puigdemont

A Spuenie gëtt et am Kapitel ëm de katalanesche separatistesche Politiker Carles Puigdemont e Revirement. Déi spuenesch Justiz verwerft d’Amnestie fir hien. 

auto_stories

1 min

Carles Puigdemont | © picture alliance / NurPhoto | Lorena Sopena
Foto: picture alliance / NurPhoto | Lorena Sopena

D’Amnestie, déi vum sozialistesche Premier Pedro Sanchez fir de Katalan an Aussiicht gestallt gouf, kéint net am Fall vu Verontreiung vun ëffentleche Gelder applizéiert ginn, huet dat iewescht Geriicht matgedeelt. Deemno bleift den internationalen Haftbefeel nach en virguer, huet d’Geriicht haut an engem Communiqué preziséiert.

Dem Carles Puigdemont gouf virgeworf, een net erlaabte Referendum iwwert d’Onofhängegkeet vu Katalounien organiséiert ze hunn.