Radioen

On air

Kultur um 5  |  Sharon Jones & The Dap-Kings - How Do I Let A Good Man Down

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ USA: Iewescht Geriicht erweidert Immunitéit vum President

Prozess géint Trump

USA: Iewescht Geriicht erweidert Immunitéit vum President

Dat Iewescht amerikanescht Geriicht huet déi penal Immunitéit vum President erweidert. Dat ass eng Victoire fir den Donald Trump. Säi Prozess wéinst dem Versuch, d‘Walresultat vun 2020 illegal ze kippen, gëtt doduerch nach emol no hanne verréckelt.

auto_stories

1 min

Domat ass dee Prozess warscheinlech net méi virun de Presidentewalen am November.

Den aktuelle President Joe Biden huet d'Urteel vun der Supreme Court e geféierleche Prezedenzfall genannt. All President hätt elo d'Fräiheet, d'Gesetz ze ignoréieren, esou den Joe Biden.

Déi sechs konservativ Riichter, déi um Ieweschte Geriicht an der Majoritéit sinn, hunn decidéiert, datt de President fir all offiziell Handlunge wärend dem Amt Immunitéit genéisst, an deemno virun enger Strofverfollgung geschützt ass.

Nëmme fir inoffiziell Handlunge kann d'Immunitéit opgehuewe ginn, esou dat Iewescht Geriicht. D'Fro, wéi eng vum Trump sengen Handlungen offiziell oder inoffiziell waren, misst en anert Geriicht klären.

De fréiere President Donald Trump kritt virgehäit, datt hien d'Resultat vun de Presidentewalen 2020, déi den Joe Biden gewonnen hat, zu senge Gonschte wollt änneren, an datt hie mat responsabel war fir d'Attacke vum 6. Januar 2021 op de Kapitol zu Washington.