Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Double Talk - Swimming

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Panama papers": Geriicht zu Panama City schwätzt déi 28 Ugeklote fräi

Iwwerraschend Urteel

"Panama papers": Geriicht zu Panama City schwätzt déi 28 Ugeklote fräi

8 Joer no de Revelatiounen am sougenannte weltwäiten Finanzskandal "Panama Papers“ sinn elo am Panama selwer déi 28 Ugekloten iwwerraschend fräigesprach ginn. Hinne war virgeheit ginn, iwwert 215.000 Bréifkëschtefirmaen a Steieroase gegrënnt ze hunn, an deene Politiker, Prominenter a Sportler hiert Verméige verschleieren konnten.

auto_stories

1 min

Panama Geriicht

D’Geriicht vu Panama City huet elo fonnt, et géifen net genuch Beweiser fir eng Verurteelung ginn.

De Skandal war deemools opgeflunn, wéi Milliounen Dateie vun der panamaescher Affekotenetude Mossack Fonseca duerchgesickert waren, mat Detailer, wéi räich Perséinlechkeeten Offshorefirme gegrënnt hunn, fir Suen ze hannerzéien, oder Geld ze wäschen.

Mossack Fonseca hat deemools och e Büro zu Lëtzebuerg, deen awer 2017 zougemaach gouf.