Radioen

On air

De Moien  |  Wilco - Annihilation

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Slowakei: Zuch kollidéiert mat Bus - 7 Leit stierwen

D'Affer souzen all am Bus

Slowakei: Zuch kollidéiert mat Bus - 7 Leit stierwen

An der Slowakei si gëschter Owend 7 Mënsche bei engem Zuchaccident ëm d‘Liewe komm. Den Zuch war mat engem Bus kollidéiert. 5 Mënsche goufe blesséiert.

auto_stories

1 min

D‘Ursaach vum Accident ass nach onkloer. Den Inneminister huet confirméiert, datt d‘Doudesaffer alleguer am Bus gesiess hätten.