Radioen

On air

Thé Dansant  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bolt soll op Lëtzebuerg kommen: LCGB besuergt ëm Aarbechtsrechter

Weidere Mobilitéitsservice

Bolt soll op Lëtzebuerg kommen: LCGB besuergt ëm Aarbechtsrechter

No Uber kënnt elo och Bolt op Lëtzebuerg. Déi estnesch Mobilitéitsentreprise, déi ënner anerem Taxi- a Liwwerservicer iwwert eng App ubitt, soll spéitstens Enn dës Joers zu Lëtzebuerg aktiv ginn. Den LCGB mécht sech grouss Suergen.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki
Foto: picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki

Aneschters wéi Uber, deen e Partenariat mat Webtaxi huet a lizenzéiert Chaufferen ustellt, hätt Bolt e ganz anere Geschäftsmodell. D‘Chauffere bei Bolt wieren Independanten. Den LCGB fäert eng Verschlechterung vun den Aarbechtskonditiounen an -rechter.