Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Paul Schroeder vum CGDIS: "Mir ware gutt preparéiert"

Paul Schroeder vum CGDIS

Paul Schroeder vum CGDIS: "Mir ware gutt preparéiert"

Um Sonndegmoie sinn d’Appeller beim 112 ungezunn. Dat sot de Paul Schroeder vum CGDIS. Dat wier virun allem, well d’Leit no der Nuecht elo eréischt verschidde Schied feststellen. Insgesamt wier een awer gutt preparéiert gewiescht.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Wikimedia Commons

De Paul Schroeder vum CGDIS huet de Moien och den Appell un d’Eegeverantwortung gemaach. Fir d’Rettungsekippen ze entlaaschte sollt ee kucken, wat een eventuell selwer ewech raume kann. 

Vu gëschter Owend hält de Paul Schroeder fest, datt d’Rettungsekippe gutt preparéiert waren. Dat wichtegst wier, datt kee Mënsch zu Schued koum. De Materialschued wier awer plazeweis grouss

Meeschtens gouf Hëllef gefrot fir Kelleren auszepompelen. Et hunn awer och ëmgefalle Beem a Clôturë missen ewech geraumt ginn. 

Besonnesch intensiv war de Reen am Raum Péiteng, Déifferdeng a Suessem. An deem Raum wier een Drëttel vun den Interventioune gewiescht, esou de Paul Schroeder.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit