Radioen

On air

9 bis 1  |  Gruff Rhys - Celestial Candyfloss

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ried vun der Ursula von der Leyen: Kompetitivitéit gëtt eng vun de grousse Prioritéiten

Virum Vott iwwer nei Kommissioun

Ried vun der Ursula von der Leyen: Kompetitivitéit gëtt eng vun de grousse Prioritéiten

Am Europaparlament stëmmen de Mëtteg déi 720 EU-Deputéiert iwwert déi nei Kommissioun of. D’Presidentin vun der Europäescher Kommissioun freet an hirer Ried um Mëttwochmoien zu Strosbuerg ëm Ënnerstëtzung fir hir nei Equipe vu 26 Kommissären a Kommissärinnen.

auto_stories

1 min

Foto: European Union

Déi nei Kommissioun géif sech dem Kampf fir de Fridden an d’Demokratie verschreiwen, sou d’Ursula von der Leyen. D’Kompetitivitéit ass eng vun de grousse Prioritéiten am zweete Mandat vun der CDU-Politikerin als Kommissiounscheffin. 

Nei ass ee Kommissär fir de Logement an een deen en charge ass fir d’Defense. Genee ewéi eng Responsabel fir de Mëttelmierraum. 

Et misst dofir gesuergt ginn, datt Baueren ee fairt Akommes hunn a genuch Ënnerstëtzung kréien, fir hinnen ze hëllefen d’Natur ze schützen, betount d’Ursula von der Leyen am Europaparlament. Fir déi Tâche hätt si de Christophe Hansen als EU-Kommissär fir d’Landwirtschaft a Liewensmëttel erausgesicht.

De Christophe Hansen géing d’Capacitéit, Kompromësser ze maachen, mat bréngen, sou wéi hien dat am Europaparlament bewisen hätt, sou nach d’Ursula von der Leyen.

An der neier Kommissioun sinn 11 Fraen a 16 Männer. Dat wier nach ëmmer net d’Hallschent a sécher net genuch, sou d’Ursula von der Leyen.