Radioen

On air

9 bis 1  |  Joan As Police Woman - Back Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Just d'Hallschent vun de Lëtzbuerger EU-Deputéiert stinn hannert neier EU-Kommission

VOTT AM EUROPAPARLAMENT

Just d'Hallschent vun de Lëtzbuerger EU-Deputéiert stinn hannert neier EU-Kommission

Vun de sechs Lëtzebuerger EU-Deputéiert kéinten der um Enn just zwee fir déi nei Europäesch Kommissioun stëmmen. Eng Partie Fraktiounen si gespléckt. No de Sëtzungen am EU-Parlament e Méindeg den Owend gesäit et awer gutt dofir aus, datt d’Ursula von der Leyen op eng Majoritéit beim Vott vun e Mëttwoch ziele kann.

auto_stories

6 min

headphones

5 min

play_arrow
Foto: European Union

D’Ursula von der Leyen, géif gären den 1. Dezember mat hirer neier Equipe an der Europäescher Kommissioun ufänke mat schaffen.

Fir datt dat klappt, muss awer d’Europaparlament nach gréng Luucht ginn. Dee Vott ass e Mëttwoch. Da stëmmen déi 720 Europadeputéiert an der Plenière iwwert déi nei Kommissioun mat hire 26 EU-Kommissären a Kommissärinnen of.

Zwee vu sechs Lëtzebuerger EU-Deputéiert stëmme sécher fir d’Kommissioun

Wéi dee Vott awer ausgeet, ass nach net kloer. D’Bild wat sech no de Fraktiounssëtzungen am Parlament um Méindeg den Owend zeechent, weist, datt déi politesch Fraktiounen deels zimmlech gespléckt sinn.

Als sécher gëllt, datt déi allermeescht vun den 188 EU-Deputéiert vun der Europäescher Vollekspartei, där d’Ursula von der Leyen selwer ugehéiert, genee ewéi vun de 77 vun de Liberalen zimmlech geschlosse fir hir nei Equipe stëmme wäerten.

Vun de sechs Lëtzebuerger Europadeputéiert wollte sech bis elo just zwee festleeën. De Charel Goerens vun der DP an d’Isabel Wiseler vun der CSV hu sech kloer zur Equippe von der Leyen II bekannt a soten si géife mat Jo stëmmen.

De Christophe Hansen, designéierten EU-Kommissär fir d’Landwirtschaft, ass am Ablack nach Europadeputéierten. Et ass kloer, datt hien hannert där neier Kommissioun steet. Hie wäert awer aller Viraussiicht no net selwer mat ofstëmmen, sou den CSV-Politiker e Méindeg den Owend.

Marc Angel bleift ganz skeptesch, Tilly Metz seet Nee

Net eens ass ee sech an där zweet gréisster Fraktioun am Europaparlament, bei de Sozialisten. Verschidden Delegatiounen, wéi déi franséisch oder déi belsch, hate scho virum Weekend annoncéiert, si géifen deem neien Team vun der Ursula von der Leyen net hir Ënnerstëtzung ginn. Och de Lëtzebuerger Marc Angel tendéiert staark dozou.

"Warscheinlech kann ech net fir déi Kommissioun stëmmen", sou den LSAP-Europadeputéierten e Méindeg zu Stroossbuerg. D’Ursula von der Leyen huet a sengen Aen hiert Versprieche gebrach, net mat Riets-Extremen zesummenzeschaffen, doduerch datt elo ee Vertrieder vun de Riets-Extremer italieenescher Regierungspartei, de Raffaele Fitto, een héije Posten an där Kommissioun kritt. De Marc Angel ass awer och rose mat der Europäescher Vollekspartei, déi sech an de leschte Wochen alles anescht ewéi ee Koalitiounspartner beholl huet.

"Mir sinn humiliéiert ginn, mir sinn ënner Drock gesat ginn, mir sinn erpresst ginn. An dat ass eppes, wat fir mech en No-Go ass an der Politik. Et geet doriwwer eraus ëm eis Valeuren. D’Madame von der Leyen huet eis eng pro-europäesch, pro-demokratesch Koalitioun versprach an huet dono awer engem Representant vun italieenescher Premierministerin ee Posten als exekutive Vizepresident ginn. Mir wëlle keng Zesummenaarbecht mat engem Vizepresident vun enger postfaschistescher Partei."

Och deene Gréngen ass dat een Dar am A. D’Nominatioun vum Raffaele Fitto wier eng rout Linn, seet d’Europadeputéiert vun deene Gréngen d’Tilly Metz.

"Et handelt sech hei em Vertrieder vun den extreem Rietsen, deen ënnert sech sou wichteg Ressorten hätt, wéi Transport, wéi Landwirtschaft oder d'Mierer, d'Fëscherei, d'Kohäsioun vun Europa. Déi Positioun däerf een net enger Persoun ginn, déi Europa wëllt schwächen. Mir mussen an dësen Zäiten zu eise Wäerter stoen. Ech weess, et kann extreem riets net ignoréieren, mee et däerf een se awer och net iwwer-valoriséieren. An dat ass elo geschitt."

Fir d’Tilly Metz ass dowéinst kloer, datt si e Mëttwoch mat Nee stëmmt.

No geschécktem Schachzuch vun der Ursula von der Leyen: Gréng Fraktioun ännert hir Positioun

Nach Enn där leschter Woch hat et esou ausgesinn, wéi wann dat fir déi ganz Fraktioun esou wier, Gëscht awer huet sech d’Blaat gedréint, nodeems d’Ursula von der Leyen zwee Deeg vrum Vott op bemol eng Charme-Offensiv gestart huet.

D’CDU-Politikerin huet e Méindeg an engem Pressecommuniqué bekannt ginn, datt si deem fréiere Chef vun deene Gréngen, dem Belsch Philippe Lamberts, ee Posten als Beroder vun der Kommissioun a Klimafroe ginn huet. An deem Communiqué gëtt d’Ursula von der Leyen och mat der Ausso zitéiert, déi Gréng wiere fir si Deel vun der Pro-Europäescher Majoritéit am Europaparlament, mat där si zesummeschaffe wéilt, fir d’Klimaziler ze erreechen.

Dat hat Succès: Eng kléng Majoritéit vun der Fraktioun géif fir déi nei Kommissioun stëmmen, huet et um Enn vun der Sitzung vun deene Grénge geheescht.

Fir d’Tilly Metz awer ass dat Bekenntnis net kredibel, virun allem en vue vum Behuele vun der Kommissiounscheffin awer och vun hirer Europäescher Vollekspartei an de leschte Méint a Wochen, an deene wichteg gréng Dossieren an den Ae vun der Europadeputéiert, geschwächt goufen. Déi Gréng wieren ni an d’Gespréicher an der pro-europäescher Koalitioun vun EVP, Sozialisten an EVP agebonne ginn, sou d’Tilly Metz.

Ech sinn enttäuscht, wann ech gesinn, wat déi lescht Woche geschitt ass, ech hätt gär konkreet Fakte gehat, wou mer wierklech mat um Dësch gewiescht wären. Dat war awer net de Fall.

EKR kéint majoritär mat Jo stëmmen - ouni de Fernand Kartheiser

Iwwerdeems kann d’Kommissiounscheffin awer des Kéier wuel op déi meeschte Stëmmen an der Fraktioun vun den Europäesche Konservativen a Reformer zielen, zu deenen deen ëmstriddenen Raffaele Fitto gehéiert. Hie géing sech net géing erwaarden, datt d’EKR enger Zoustëmmung vun der Kommissioun géing am Wee stoen, sou de Fraktiounsspriecher Michael Strauss dee leschte Freideg.

Dir musst bedenken, datt bei eis d'italieenesch Grupp eng relativ grouss ass. A mir hunn elo mam Här Fitto en italieenesche Vizepresident vun der Kommissioun. Et ass also a mengen Aen eigentlech selbstverständlech, datt e groussen Deel vun der EKR wäert d'Kommissioun ënnerstëtzen.

Seet dozou de Fernand Kartheiser vun der ADR, deen Deel vun deem Groupe ass. “Ech si keen Italieener”, sou och den Fernand Kartheiser. “Ech hunn eng aner Analys vun der Situatioun an ech ech  stemmen déi Kommissioun do net”.

"Politesch huet déi Kommissioun eng Rei vu Positiounen, déi just de Contraire vun deem sinn, wat ech wëll vertrieden, souwéi zum Beispill d'Fräiheet vun der Ried oder eng Friddensléisung fir de Konflikt an der Ukrain."

Mécht een um Enn d’Rechnung, dann dierft et duergoen, datt déi néideg Majoritéit vun 361 Stëmmen zesummekënnt, fir Gréng Luucht fir déi nei Kommissioun ze ginn. De Vott ass nominell - dat heescht e Mëttwoch gi mer genee gewuer, ween wéi ofgestëmmt huet. 

Lauschterenplay_arrow

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.