Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Och d'Landwirtschaftskummer stellt sech beim Mercosur e puer Froen

Fräihandelsofkommen

Och d'Landwirtschaftskummer stellt sech beim Mercosur e puer Froen

De geplangte Fräihandelsaccord mat de südamerikanesche Mercosur-Länner suergt an eisen Nopeschlänner weider fir Onrouen an Onverständnis. Wat soen déi Lëtzebuerger Baueren dozou?

auto_stories

3 min

headphones

7 min

Christian Hahn | © Jo Diseviscourt play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

Haut um Mëttwoch ass Landwirtschaftsdësch, wou de Mercosur eventuell ugeschwat gëtt. An op deem Dësch wäert och de President vun der Landwirtschaftskammer, de Christian Hahn, setzen. Hien zweifelt awer drun, datt de Mercosur effektiv Theema um Landwirtschaftsdësch gëtt, wéi hien am 100,7-Interview ze verstoe gëtt.

Eng aner Streikkultur wéi a Frankräich

Hei am Land verleeft d'Diskussioun iwwert dee geplangte Fräihandelsaccord mat Brasilien, Argentinien, Uruguay a Paraguay e gutt Stéck méi roueg wéi a Frankräich. A Frankräich fäerte vill Baueren ëm hir Existenz, wann duerch de Mercosur-Accord zum Beispill méi südamerikanescht Fleesch géif an Europa erakommen. Zu Lëtzebuerg géing een dat net onbedéngt méi geloosse gesinn.

"Ech mengen, mir als Lëtzebuerger hunn ëmmer e bëssen eng aner Streikkultur. Mir stinn am Moment a Kontakt mat der Landwirtschaftsministesch. Mir haten an der Woch och e Rendez-vous mam Här Luc Frieden. Mir hunn eis Doleancen do op den Dësch geluecht, fir einfach ze soen, wou déi Punkte sinn, wou mir awer Bedenken hunn."

An der Europäescher Unioun wier een ënnerwee, fir ëmmer méi héich Ëmweltstandarden ze fuerderen, mengt de Christian Hahn. Elo géing d’EU een Accord mat Länner ënnerschreiwen, wou net onbedéngt esou genau géing op d’Natur gekuckt ginn, wéi d’EU dat u sech wéilt, betount de President vun der Landwirtschaftskammer.

Onrealistesch Ziler

An der EU géing ee sech immens héich Ziler setzen. Sou zum Beispill bei de Reduktioune vum Ammoniak, oder och, datt de Véibestand ëm 20 Prozent soll goen.

"Et muss ee sech awer ëmmer bewosst sinn, wa mir esou Reduktioune wëllen, an ee Produkt – zum Beispill Mëllech a Fleesch - wann een do pro Kilo Fleesch oder pro Kilo Mëllech am Endeffekt de beschten Ammoniak Foussofdrock op der Welt huet. Jo, dee Moment stellt ee sech d'Fro: Firwat solle mir hei d'Produktioun reduzéieren, fir et dann aus dem net europäeschen Ausland ze importéieren?"

D'Regierung huet sech op d'mannst vis-à-vis vun der Ëffentlechkeet nach guer net kloer positionéiert zu deem Accord. De Christian Hahn mengt och net, datt um Landwirtschaftsdësch vill iwwer de Mercosur geschwat gëtt, well et net an de Ressort vun der Martine Hansen fält.

Am Gespréich mam Luc Frieden hätt een de Premier op e puer Bedenken ugesprach.

"Zum Beispill d’Praktike wéi d'Hale vu Béischten an engem 'Feedlot'*, wat mir jo hei zu Lëtzebuerg och guer net géinge geneemegt kréien. Et ass bësse komesch, datt een esou Saachen erlaabt an d'EU eranzekommen.”

Een anert Beispill wier den Asaz vu Wuesstemshormoner, déi schonn zënter Joerzéngten an Europa verbuede sinn.

Et misst een d’Detailer vun den Texter genau ënnert d’Lupp huelen, éier ee weider Conclusiounen hëlt, esou nach de Christian Hahn.

Lauschterenplay_arrow

*Eng Mäschtanlag, déi een dacks an den USA fënnt, wou vill Béischter op klengem Raum gehale ginn.