Radioen

On air

Ligne 2  |  Ligne 2

play_arrow Live
search

/ OGBL gesäit sech als grousse Gewënner - LCGB mat gemëschte Gefiller

Tëschebilan vun de Sozialwalen

OGBL gesäit sech als grousse Gewënner - LCGB mat gemëschte Gefiller

Mat Héichdrock gëtt weider un der Auszielung vun de Walziedele fir d‘Chambre des salariés geschafft. Et wäert awer nach Deeg daueren, éier déi komplett Resultater virleien. Iwwerdeems zeien d‘Gewerkschaften de Bilan vun deem, wat an de Betriber geschitt ass.

auto_stories

1 min

© Adobe Stock / bizoo_n
Foto: Adobe Stock / bizoo_n

De Moien elo huet d‘ITM d‘Resultater virleie vun 2.895 Betriber. Am Total, vun deem wat virleit, kënnt den OGBL op eng 25,6 Prozent vun de Mandater, den LCGB op 14,5 Prozent an d’Gewerkschaft ALEBA op 4,1 Prozent.

Déi breet Majoritéit vun Delegéierte kënnt vu fräie Lëschten, déi net un eng Gewerkschaft gebonne sinn. Aktuell sinn dat 56 Prozent. 

A Communiquéë vu gëschter huet den OGBL sech als de grousse Gewënner gesinn, den LCGB huet gemëschte Gefiller ausgedréckt, iwwerdeems d‘ALEBA hire Score e "memorabelt Resultat" genannt huet.