An der Vergaangenheet hätte Feeler vun de Verantwortlechen dacks zu Situatioune gefouert, an deeenen d‘Salairéeen dono als Affer do stoungen, obwuel si sech näischt ze reprochéieren hätten.
Onofhängeg dovu wéi eng Partei verurteelt gëtt, wier et wichteg, datt déi Verantwortlech zur Rechenschaft gezu ginn, virun allem, well et ëm ëffentlech Gelder geet, sou nach den OGBL.
Am Kader vu Perquisitioune vum europäesche Parquet steet de Verdacht am Raum, datt déi betraffe Lëtzebuerger Busentreprisë systematesch sollen deklaréiert hunn, datt si gewësse Linne mat Elektrobusser géifen ofdecken, obwuel se a Wierklechkeet mat Diesel oder Hybridbussen ënnerwee waren.