search

/ Oneenegkeet tëschent UEL a Gewerkschaften iwwer den Ordre du Jour vun der Tripartite

Tripartite

|
reading time

2 min

Oneenegkeet tëschent UEL a Gewerkschaften iwwer den Ordre du Jour vun der Tripartite

Och wann de Fokus vun der Tripartite sech op d'Repercussioune vun der Energiekris konzentréiere soll, wëllen d'Gewerkschaften trotzdeem d'Theeme vum Mindestloun weider op den Dësch bréngen. Esou reagéiert d'OGBL-Presidentin Nora Back op d'Annonce vum Premier gëschter.

reading time

2 min

Patrick Dury an Nora Back | © 100,7
Patrick Dury an Nora Back (Foto: 100,7)

Deemno wäert et “spannend ginn” en Ordre de jour opzestellen, well ee weider iwwer d’Kafkraaft vun de Leit schwätze misst an do géif de Mindestloun eeben dozou gehéieren, esou nach d’Nora Back.

“Egal wéi, mir maachen d'Faass op, well et ass net zou, et ass net akzeptabel, datt gesot gëtt, mir maache keng strukturell Erhéijung vun dem Mindestloun, mir hunn dat elo scho laang gesot. En plus ass et, hunn ech d'Gefill, elo esou e Konsens. Jidderee seet, et muss ee kënne vu sengem Loun liewen.

Et wier kee Geheimnis, datt den aktuelle Mindestloun zu Lëtzebuerg net duergoe géif, fir kënnen dezent ze liewen, esou d’OGBL-Presidentin. Deemno wier et och zimmlech logesch, datt d'Gewerkschaften um Mindestloun eppes ännere wéilten. 

Wann ee wéilt iwwer d'Kafkraaft schwätzen, misst een iwwer d'Léin schwätzen. 

"Dat bedeit och, datt mer iwwer steierlech Mesurë musse schwätzen. Dat bedeit awer och, datt mer mussen iwwer d'Energiekris selwer schwätzen an de Präis op der Pompel an dem Mazout, an datt mer do musse Mesurë fannen."

UEL: Tripartite als Kriseninstrument

De Patronatsverband UEL gesäit dat anescht. Fir de President Michel Reckinger ass d'Tripartite virop Kriseninstrument. Deemno sollt den Ordre du jour sech op d'Auswierkunge vun der Energiekris limitéieren. Aner Themen, déi an de leschte Méint fir Tensiounen tëschent de Sozialpartner gesuergt haten, sollten a sengen Aen deemno net Deel vun der Diskussioun ginn. 

"Well all déi aner Punkten, wou mer eis jo entweeder net eens ginn op deenen normalen Dëscher, déi wäerte jo elo net op eemol hei, just well dat Ganzt Tripartite heescht, geléist ginn kënne ginn." 

D'UEL géif iwwerdeems fir de Moment ouni konkret Demande an d'Tripartite eragoen, sot de Michel Reckinger. Et géif ee sech elo mol an den nächste Woche mat de Berechnunge vum STATEC auserneesetzen. 

Dës Tripartite wier déi lescht Chance fir de Sozialmodell ze retten, mengt nach d'Nora Back.

"Wann dat elo awer sollt e Succès ginn an et zu engem Accord herno kommen, da ginn ech ganz staark dovunner aus, datt dat och all déi aner Dossieren deblockéiert an datt mer kënnen erëm och an aneren Instanzen zesummekommen."

Iwwer déi nächst Woche wëllt de Premier Luc Frieden mat de Sozialpartner den Terrain fir d’Tripartite preparéieren.