Den OGBL bedauert wei vill Gewiicht am liberale Regierungsprogramm op d’ Ekonomie an op d’ Betriber geluecht géif ginn, a wei wéineg op d’ Leit. Eng rout Linn, déi iwwerschratt gi wier, wier den Droit de Travail bei dem et soll drëm goen d’Aarbechter an Aarbechterinnen ze schützen, erkläert d’Nora Back. Ugefaangen domat, datt an der Introduktioun vum Droit du Travail, Salariéen an Independante gläichgestallt ginn
"Mee wann dat sou ass, da fuerdere mir als Salarié och déi selwecht Rechter wei den Independant, dee seng Pai selwer däerf bestëmmen, seng Aarbechtsstonnen däerf selwer bestëmmen, mee sou ass et jo net. Et gëtt déi zwee Statutter zou Recht. An den Droit du Travail ass par principe eppes fir de Salarié ze schützen a sengem Aarbechtsëmfeld.”
E weideren alarméierende Punkt fir den OGBL sinn d’ Äusserunge vun der neier Regierung zum Lëtzebuerger Pensiounssystem. Dovun ze schwätzen den zweeten an drëtte Pilier vum Pensiounssystem ze stäerken, wier automatesch eng Privatiséierung vum Pensiounssystem, seet d'Nora Back
"Dat heescht mir ginn automatesch eisen ëffentleche Rentesystem useeën an opmaachen, fir Privat-Versécherunge, an dat ass ganz geféierlech en plus ganz ongutt an Zäiten, wou mer méi wéi jee op d'Cohésion sociale ugewise sinn.”
Den OGBL huet bei de Sozialwalen an dräi Méint seng Positioun als gréisst Gewerkschaft am Privatsecteur ze verdeedegen. D’Nora Back selwer ass jo och Präsidentin vun der Chambre des Salariés. Si huet gëscht confirméiert, datt si op en Neits fir den OGBL kandidéiert.