Radioen

On air

Thé Dansant  |  New Order - Blue Monday (2020 Digital Master)

play_arrow Live
search

/ OGBL: Aktiounsplang géint Aarmut amplaz Heescheverbuet

Reaktioun op Heescheverbuet

OGBL: Aktiounsplang géint Aarmut amplaz Heescheverbuet

Den OGBL verurteelt den Heescheverbuet an der Stad. Et géif keen objektive Grond ginn, fir sou e Verbuet ze justifiéieren. 

auto_stories

1 min

D‘CSV-DP-Regierung huet de Kampf géint d‘Aarmut als eng vun hiren ieweschte Prioritéite gesat. Mam Heescheverbuet awer géif d‘Aarmut net bekämpft ginn. Domat géif ee just d‘Affer attackéieren, stigmatiséieren a bestrofen. 

Den OGBL fuerdert d‘Regierung op, den Heescheverbuet rëm zréckzezéien an een Aktiounsplang fir de Kampf géint d‘Aarmut auszeschaffen.