Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Offiziell Vereedegung vum Wladimir Putin

Russland

Offiziell Vereedegung vum Wladimir Putin

Zu Moskau ass de Wladimir Putin viru Mëtteg elo fir e 5. Mandat als russesche President vereedegt ginn. Hie war viru bal zwee Méint als Staatschef erëmgewielt ginn. Fir nach eng Kéier 6 Joer.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance

Den 71 Joer ale Wladimir Putin ass zanter bal engem Véierels Joerhonnert un der Muecht a Russland. Hien huet d‘Verfassung ännere gelooss fir bis 2036 kënne President ze bleiwen. Russland ze regéieren, wier eng helleg Flicht, sot de Putin bei der Zeremonie. Hien huet de Russe versprach, datt Russland méi staark aus dëser schwéierer Period géif erausgoen. Zesumme gewanne mer, sou de russesche President.

Hien huet awer och dem Westen een Dialog ugebueden. Russland géif sech deem Dialog net verweigeren, de Westen hätt de Choix, ob ee weider wéilt aggressiv mat Moskau sinn oder méi conciliant, sou de Putin a senger Ried.

Dem verstuerwene Kremlkritiker Alexey Nawalny seng Fran Julia Nawalnya huet de Putin, kuerz éier déi pompös Zeremonie am Kreml gefaangen huet, als Ligener, Déif a Mäerder bezeechent.