Radioen

On air

Spektrum  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Norwegen erkennt palästinensesche Staat un

Nieft Spuenien an Irland

Norwegen erkennt palästinensesche Staat un

Norwegen, Irland a Spuenien wëlle Palästina als Staat unerkennen. Dat hunn déi dräi europäesch Staaten de Moien ugekënnegt. Israel ass strikt géint eng Unerkennung vu Palästina als Staat, an huet seng Ambassadeuren aus Irland an aus Norwegen zréck geruff.

auto_stories

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Daniel Pier
Den norwegesche Premier Jonas Gahr Støre (Foto: picture alliance / NurPhoto | Daniel Pier)

Déi palästinensesch PLO schwätzt vun engem “historesche Moment”: dëst wier de Wee zu Stabilitéit, Sécherheet a Fridden an der Regioun, esou déi palästinensesch Befreiungsorganisatioun.

D’Decisioun vun Norwegen, Irland a Spuenien géif de Message un d’Palästinenser an un d’Welt senden, datt Terrorismus sech ausbezuelt, huet den israeeleschen Ausseminister kritiséiert. Dëse Schratt wier eng Ongerechtegkeet vis-à-vis dem Undenken un den Affer vum 7. Oktober, huet de Minister Israel Katz betount.

Irland: Zweestaateléisung eenzeg glafwierdege Wee

Virdrun hat den iresche Premier erkläert, datt d’Unerkennung vu Palästina als Staat den Ausdrock vun enger Ënnerstëtzung fir eng Zweestaateléisung wier. Dem eenzeg glafwierdege Wee fir Fridden a Sécherheet fir Israel a fir Palästina.

Souwuel d’Israeelie wéi d’Palästinenser hätten d’Recht a Fridden a getrennte Staaten ze liewen, esou haut déi norwegesch Regierung.

Norwegen, Irland a Spuenien hunn ugekënnegt den 28. Mee, also een Dënschdeg, Palästina offiziell als Staat wëllen unzëerkennen.

Xavier Bettel: Unerkennung net opportun

D’Majoritéit vun de Memberstaate vun der UNO erkennt Palästina an der Tëschenzäit als Staat un. Dat gëllt awer net fir wichteg westlech Natioune wéi d’USA an d’Majoritéit vun den EU-Memberstaaten.

Déi Lëtzebuerger Regierung wëllt mat der Unerkennung vu Palästina als Staat nach waarden. D’Unerkennung zu dësem Zäitpunkt wier net opportun, hat den Ausseminister Xavier Bettel d’lescht Woch an der Chamber gesot.

 

Aktualitéit
International
Noen Osten