arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nom Finanzbedruch bei der Caritas: Héich Geldstrof fir d'Spuerkeess

Caritas-Affär

|
headphones

5 min

Nom Finanzbedruch bei der Caritas: Héich Geldstrof fir d'Spuerkeess

D'Decisioun vun der Bankenopsiicht nom Finanzbedruch bei der Caritas läit vir: Wéinst Schwaachstelle bei der Kontroll vun de Finanztransaktioune kritt d'BCEE eng Geldstrof vu 4,97 Milliounen Euro. Et ass déi zweethéchst administrativ Sanktioun, déi d'CSSF bis haut decidéiert huet.

headphones

5 min

© picture alliance / ZB | ERZ-Foto/Georg Ulrich Dostmann
(Foto: picture alliance / ZB | ERZ-Foto/Georg Ulrich Dostmann)

Virun aacht Wochen hate mir gemellt, datt d'Spuerkeess eng Strof géif riskéieren. D'CSSF hat der Spuerkeess Ufank Mee hir Conclusioune matgedeelt, wouropshin d'Bank nach eng Kéier reagéiere konnt. D'Decisioun vum Finanzregulateur ass elo definitiv.

"Strukturell Schwächten"

An engem Pressecommuniqué deelt d'Spuerkeess mat, si hätt direkt, scho virun der finaler CSSF-Decisioun, déi néideg Mesuren ëmgesat fir de Monitoring vun den Transaktiounen ze stäerken. D'Bank gëtt zou, datt "strukturell Schwächte" vun der CSSF festgestallt goufen. Als systeemesch Bank géif ee seng professionell Responsabilitéit voll assuméieren. 

Vun der CSSF kritt d'BCEE attestéiert, "voll collaboréiert" ze hunn, a verschidde Mesure "proaktiv" ëmgesat ze hunn. 

Scho Problemer an der Vergaangenheet

D'CSSF stellt awer och fest, datt d'Spuerkeess scho bei enger Kontroll am Joer 2018 am Kader vun de Mesurë géint Geldwäsch an dem Finanzement vum Terrorismus eng Verwarnung krut wéinst Schwächten, déi festgestallt gi wieren. Bei der neier Kontroll (an der Suite vun der Caritas-Affär) wiere beim Monitoring vun de Finanztransaktiounen nach ëmmer Lacunnen detektéiert ginn:

"Les lacunes relevées ne résultaient pas uniquement de l’analyse de dossiers individuels, mais elles se sont avérées être d’ordre structurel et systémique. Or, un dispositif de surveillance des transactions complet et efficient est d’une importance primordiale dans le contexte de la LBC/FT, d’autant plus pour un établissement de crédit d’une grande taille."

D'BGL, déi zweet Lëtzebuerger Bank, déi an der Caritas-Affär eng Roll gespillt huet, ass eisen Informatiounen no mat enger Verwarnung dovu komm, déi net vun der CSSF publizéiert gouf (an och net muss publizéiert ginn). D'CSSF deelt just mat, datt och den Dossier BGL elo zou ass. 

Vill frauduléis Viremente via BCEE

Recherchë fir den 100,7-Podcast iwwer d'Caritas-Affär (D'Serie "Carambolage" am Zeenewiessel-Podcast) hu gewisen, datt déi meescht frauduléis Viremente vun der Caritas a Richtung Spuenien iwwer d'Spuerkeess gemaach gi waren. Am Ganze goufen et 125 frauduléis Virementen op 14 verschidde spuenesch Konten, iwwer déi d'Sue weider transitéiert a verschwonne sinn: 106 dovu goufen iwwer der Caritas hir Konte bei der Spuerkeess gemaach, fir e Montant vun iwwer 52 Milliounen Euro.

Héich Strof

Déi héchst administrativ Sanktioun, déi d'CSSF bis haut publizéiert huet, louch bei ronn 9 Milliounen Euro (Edmond de Rothschild, Juni 2017). D'BIL krut am Mäerz 2020 eng Strof vu 4,6 Milliounen Euro, d'BGL BNP Paribas am Mee 2024 eng Strof vun 3 Milliounen Euro. 

D'Finanzinstituter mussen déi Suen un d'CSSF bezuelen, déi domat e.a. d'Enquêten an esou Fäll finanzéiert. 

CSSF an EZB hunn enquêtéiert

Déi lescht 12 Méint hunn d'CSSF an d'Europäesch Zentralbank d'Verhale vun de Lëtzebuerger Banken an der Caritas-Affär analyséiert. D'CSSF ass zoustänneg fir d'Aspekter aus dem Blanchimentsgesetz, d'EZB fir aner Elementer, wéi d'Kreditlinnen an Héicht vun 33 Milliounen Euro, déi déi zwou systeemesch Banke Spuerkeess a BGL der Caritas wärend der Finanzfraude accordéiert hunn. 

D'Sanktioun ass déi héchst vun de méiglechen Decisioune vun der CSSF. Nieft der Sanktioun kann och just eng Observatioun oder eng Injonctioun formuléiert ginn. Am Prinzip gëtt just d'Sanktioun publizéiert.

Gëtt d'Justizenquête géint d'Banken elo zougemaach?

No der administrativer Sanktioun géint d'Spuerkeess stellt sech d'Fro, wéi et mat der Enquête weider geet, déi d'Justiz an der Caritas-Affär géint d'Banken opgemaach huet. D'Chambre du Conseil vun der Cour d'Appel hat virun e puer Méint an enger anerer Affär decidéiert, datt d'Bank BCP no enger administrativer Sanktioun vun der CSSF net nach eng Kéier kéint viru Geriicht de Prozess gemaach kréien. Et ass onkloer, wéi en Impakt dee Prinzip vum "non bis in idem" (Laténgesch fir "net zweemol fir dat Selwecht") op d'Caritas-Affär kritt. Aus Justizkreesser heescht et, datt dat no der CSSF-Decisioun an dëser Affär am Detail muss analyséiert ginn. 

Den Ursprong vun de frauduléise Virementen

Déi aner juristesch Enquête sinn egal wéi net betraff, den Untersuchungsriichter ass nach mat senger Instruktioun am Gaangen. 

De Parquet hat viru Kuerzem matgedeelt, datt een net domat rechent, datt vill vun de geklauten 61 Milliounen Euro kënne recuperéiert ginn. De System, dee fir d’Fraude genotzt gouf, géif un dee vu Kriminellen erënneren, déi Suen op eng professionell Manéier wäisswäschen. De Parquet huet och drun erënnert, datt déi fréier Finanzdirektesch vun der Caritas e puer Deeg no der Plainte inculpéiert an direkt ënner Contrôle judiciare gestallt gouf. Si schéngt um Ursprong vun de frauduléise Finanztransferten ze stiechen, huet et am Communiqué geheescht. 

D'Zukunft vun der Fondatioun Caritas ass ee Joer nom Finanzbedruch weider ongewëss. Ënnert anerem muss nach viru Geriicht oder aussergeriichtlech gekläert ginn, ob d'Caritas de Banken d'Kreditlinnen an Héicht vun 33 Milliounen Euro ganz, deelweis oder guer net rembourséiere muss. D'CSSF wéi och d'Spuerkeess hunn haut ënnerstrach, datt d'administrativ Sanktioun vu 4,97 Milliounen Euro näischt géif iwwer d'Responsabilitéit vun de Banken am Kader vun der Fraude bei der Caritas aussoen. D'CSSF wëll sech och net dozou äusseren, ob d'Fraude bei der Caritas opgeflu wier, wann d'Spuerkeess guer keng Lacunnen an hirem Finanzmonitoring gehat hätt.